Eng Suite vun deem Album, mat deem de Wauter Mannaert virun zwee Joer op d'Risiken déi an den OGMë stiechen opmierksam gemaach huet.

Et sollt net bei deem engen Album bleiwen. Am September ass "Master-Classe" erauskomm, deen éischten Album aus enger Serie ronderëm d’Yasmina. Deen hätt eigentlech schonn am Mee sollen erauskommen, ass awer du wéinst der sanitärer Kris no hanne geréckelt ginn.

Yasmina T.1 - Master Classe

Un der Iddi hannert dem Personnage vum Yasmina huet sech näischt geännert. Et ass nach ëmmer eng Bande Dessinée, déi sech mat aktuellen ekologeschen a soziale Sujete beschäftegt. Aus der Siicht vun engem jonken, engagéierte Meedchen. Et war och d'Fridays for Future Beweegung déi de Wauter Mannaert fir deen Deel vun der Geschicht inspiréiert huet.

Esou wéi den Titel schonn eng Uspillung un eng Televisiouns-Emissioun ass, an där d‘Kachen am Mëttelpunkt steet, ass dat och hei de roude Fuedem. Schonn am Album „Yasmina et les mangeurs de patates“ huet d‘Yasmina seng Kachkonschte gewisen, och wann et do virun allem ëm d‘Diskussioun ronderëm OGMën, also genetesch manipuléiert Liewensmëttel, gaangen ass. Hei engagéiert d‘Yasmina sech dofir, datt d‘Iessen an de Schoulkantinne méi gesond an equilibréiert soll ginn. Och wann de Wee dohin net einfach ass.

An et bleift net nëmme bei deene Sujeten. Niewelaanscht geet et och nach ëm Popularitéit an der Schoul, oder ëm den Drock ënnert deen ee geréit, wann ee seng Aarbecht verléiert, eng Situatioun mat där dem Yasmina säi Papp konfrontéiert gëtt. De Wauter Mannaert huet seng Erfarungen aus engem fréiere Beruff mat afléisse gelooss, fir Personnagen ze entwerfen, an deenen een och ëmmer e bësschen eppes vu senger eegener Perséinlechkeet erëmerkennt. Hien huet als Educateur mat Jonken zu Bréissel zesummegeschafft, an esou hir Iddien, an hir Suerge kennegeléiert. Doduerch geréit hien och een Toun, dee guer net opgesat wierkt, mä authentesch. An dat erkläert och, firwat d‘Yasmina aus engem Ëmfeld kënnt, an deem him net alles einfach esou an de Schouss fält. Virun allem huet hatt awer Frënn, an dësem Album kommen e puer nei Frënn dobäi. Och dat ass a senger Entwécklung wichteg.

D‘Serie „Yasmina“ bleift no un deem, wat den Album "Yasmina et les mangeurs de patates" schonn ausgemaach ginn huet. Och wann den Album net méi esou déck ass ewéi säin éischten Optrëtt. Dat neit Format, wat sech um klassesche BDs Format orientéiert, mécht et zwar méiglech, méi séier nei Geschichten eraus ze bréngen, ass anengems awer och eng Erausfuerderung fir den Auteur. Fir d‘Lieser net ze erschloen, wiesselt hie mat Säiten of, op deene vill Text, an domat vill Informatiounen, stinn, an aneren, op deenen d‘Biller hir eege Sprooch schwätzen, an och Plaz fir méi witzeg Situatioune loossen.

Et geet net drëm, d ‘Lieser zu iergend eppes ze bekéieren. De Wauter Mannaert bréngt vill perséinlech Iddien a Gedanke mat a seng Geschicht, a léisst dobäi och vill aus sengen Observatiounen an Erfarunge mat Jonken afléissen. Mä op kee Fall wëll hien d‘Serie „Yasmina“ als eng „militant“ an och net als eng „engagéiert“, „aktivistesch“ BD gesinn.

Déi éischt Säiten aus dëser BD liesen

Bei alle soziale Sujeten déi an dëser Bande Dessinée ugeschnidde ginn, ass et awer virun allem eng Geschicht an där et ëm d‘Iesse geet. Gutt Iessen, originell Platen, déi näischt mat industriell produzéierte Liewensmëttel ze dinn hunn. Et geet awer och ëm d‘Freed um Kachen, ouni datt een dofir onbedéngt muss stonnelaang an der Kichen agespaart sinn. Dofir ginn et och ëmmer Zeenen, an deenen ee Plat am Mëttelpunkt steet, esou duergestallt, datt engem d‘Waasser am Mond zesummeleeft, wann een dat Bild gesäit.

Verschidde Platen déi hien an dës Geschicht mat agebonnen huet, huet hie selwer ausprobéiert. Zum Beispill fir een Ee an engem Paprika iwwert dem oppene Feier ze kachen. Nieft dem Fun Facteur vun där Approche ass et awer och eng Manéier, fir sech nees der traditioneller Manéier fir ze kachen méi no ze fillen. Ewech vun den Hi-Tech Apparater an eise Kichen.

Yasmina riicht sech an éischter Linn u jonk Lieser, mä proposéiert heiansdo tëscht den Zeilen, heiansdo méi riicht eraus, och eng ganz Partie Iddien, déi sech un Erwuessener adresséieren. An esou ass et eng gutt Bande Dessinée, fir iwwert Generatiounen ewech iwwert Sujete kënnen ze diskutéieren, déi jiddweree betreffen.

„Master-Classe“ ass deen éischten Episod als Serie vum Yasmina sengen Aventuren, ass bei den Editions Dargaud erauskomm a kascht 10 Euro.