D'Bea Kneip hëllt Iech mat op en Tour iwwert d'Walfer Bicherdeeg...natierlech nëmme virtuell

D'Walfer Bicherdeeg 2020 si jo leider ofgesot, mä d'Bea Kneip huet ganz einfach e virtuellen Tour iwwert d'Bicherdeeg gemaach. An dobäi mat e sëllechen Auteuren an Editeuren geschwat.

D'Diane Orban an d'Myriam Karels bei de Walfer Bicherdeeg 2019 / © Bea Kneip

Zum Beispill mat der Diane Orban an der Myriam Karels, déi fir hiert Kannerbuch "De Wëlle leeft am Bësch" beim Lëtzbuerger Buchpräis direkt zweemool ausgezeechent goufen, mam Jean-Paul Hoffmann den am 6te Band vu senger Serie "Autos die in Luxemburg Geschichte machten" vu sénger Passioun fir de VW Käfer erzielt, oder mam Zeechner Marc Angel deen zesumme mam Samuel Hamen fir hiert gemeinsamt Wierk "Zeeechen" mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur belount gouf. Hien erzielt iwwerdeems och vun engem ganz spannende Projet fir deen net manner wéi 6 Zeechner an 3 Zeenaristen zesumme geschafft hunn.

Dës, a vill aner Bicher kënnt Dir op eisem virtuellen Tour iwwert d'Walfer Bicherdeeg 2020 entdecken. /

Am Podcast kritt Dir en Iwwerbléck iwwert d'Bicher Rentrée 2020 bei der eng Hellewull vun neie Kannerbicher, Sachbicher, Gedichtbänn, Kuerzgeschichten a Romaner virgestallt ginn.  Ob Dir elo selwer nach Liesfudder fir laang Wanterowender braucht, oder e Kaddo fir d'Feierdeeg sicht, kommt einfach mat, Dir sidd all ganz häerzlech invitéiert!

E virtuellen Tour iwwert d'Walfer Bicherdeeg

Déi 2 Katalogen vun der Bicher Rentrée 2020 waarden an Ärer Librairie op Iech! /