
"D'Hobitz" vum Alain Atten ass an der Serie "Kanephora" bei Kremart éditions erauskomm
Kanephora 9: "D'Hobitz" vum Alain Atten.
No “Alle véierzéin” (Nummer 6) an “Déi Säit dem Scheet” (Nummer 8) ass “D’Hobitz” (Nummer 9) ewell déi drëtt Publikatioun vum Alain Atten an der Serie Kremart Kanephora. Illustréiert gouf si op en Neits vum Luana Maggipinto. Erzielt gëtt d’Novell an der Sprooch vun der Mëttelsauer.
Eng Kanoun ënnerwee, am Wanter 1593. E fréiere Kanonéier huet den Holläner se gegrapst, wéi se drop an dru sinn, Dikrech z’iwwerfalen. Hie fënnt, si kënnt gradesou gutt deenen Dikrecher bäisprangen, fir op d’Hollänner ze baatschen. Mat senger Freiesch a mat där Houser Klouschterkutsch kritt en d’Geschëtz iwwer allerhand Ëmweeër op d’Plaz. Just zur Zäit. – Déi Novell hei liest sech an der Sprooch vun der Mëttelsauer.
D’Hobitz
Text: Alain Atten
Korrektur: Myriam Welschbillig
Illustratiounen: Luana Maggipinto
Fotoen: Luc Marteling
Layout: creative corner
ISBN 978-99959-39-49-6
192 Säiten, 19,95 Euro