Viru 25 Joer ass d'Festung vun der Stad Lëtzebuerg als Unesco Site klasséiert ginn. Dës Bande Dessinée ass am kader vun deem Anniversaire erauskomm.

Et ass déi éischt Bande Dessinée déi d'A.s.b.l. Frënn vun der 9. Konscht erausbruecht huet, eng Collaboratioun vun den Auteuren Marc Angel, Lucien Czuga, Marion Dengler, Andy Genen, Antoine Grimée, Sabrina Kaufmann, John Rech, Jean-Louis Schlesser a Pascale Velleine, mat der Ënnerstëtzung vun der Historikerin Marie-Paule Jungblut.

AUDIO: Fortifications: 6 Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner

D'Bande Dessinée erzielt d'Geschicht vun der Stad, a virun allem vun der Festung Lëtzebuerg, als Kuliss an deene verschiddenen Epoquen. Déi 6 Geschichten sinn an engem präzise Kontext verankert, d'Sujeten déi ugeschwat ginn, bleiwen awer alleguer aktuell. Transgender, Abus de Pouvoir oder Abus de Justice wéi se och haut nach ëmmer begéine kann, fënnt een och hei erëm.

D'Bande Dessinée huet eng Haaptgeschicht déi sech wéi ee roude Fuedem duerch dee ganzen Album zitt. Déi hunn de Jean-Louis Schlesser an den Antoine Grimée zesumme realiséiert, inspiréiert bei der Erzielung "Kleines Schicksal" vum Joseph Funck. Déi 5 Niewegeschichten, déi all Kéiers an engem anere Stil gezeechent an erzielt gi sinn, sinn esou an d'Haaptgeschicht agebonne ginn, datt et keenze vill ee brutale Broch gëtt.

D'Biller bauen, do wou et méiglech ass, op eng Dokumentatioun op. Sief et mat Fotoen aus der Stater Fotothéik, oder Fotoen déi d'Auteure selwer konnte maachen. D'Sabrina Kaufmann huet fir d'Geschicht déi si no engem Zeenario vum John Rech gezeechent huet net konnten op d'Plaz goen fir hir eege Fotoen ze maachen. Si huet Biller aus der virtueller  Visitt vum Palais verschafft. Eng Iddi déi hir komm ass, well si vill koreanesch Webtoons kuckt.

Duerch dat ganzt Buch fënnt een eng sëllegen kulturell Referenzen. Och an der Geschicht vum Marion Dengler, an där et ëm d'Léift vun enger Lëtzebuergerin an engem däitschen Zaldot geet. Eppes wat zu där Zäit an där d'Geschicht spillt net gär gesi war, a wat och een direkte Lien mam Dicks senger Mumm Séiss huet.

Déi knapps 80 Säite vun der Bande Dessinée "Fortific(a)tions - 6 Geschicht en iwwer eng Stad ewéi keng aner" weise vill verschidde Facetten vun der Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg. Och wann net alles zu honnert Prozent historesch korrekt ass, a vill Anekdoten déi och hir Plaz an dësem Buch hätte kënne fannen, net dra sinn. Déi kommen da villäicht an engem zweeten Deel?

D'Bande Dessinée iwwert d'Festung Lëtzebuerg gëtt et entweder direkt bei der A.s.b.l Frënn vun der 9. Konscht, oder an de Librairien fir 25 Euro ze kafen.