Wann e Buch zu engem Konschtwierk gëtt: "Namen" (Namur) ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Schrëftsteller Nico Helminger an dem Moler Robert Brandy

E Buch kann esou vill méi sinn wéi just e Support fir en Text. All physescht Buch ass och en Objet mat enger visueller Präsenz. Dat Buch dat mir iech elo virstellen, ass méi wéi dat, et ass e Konschtwierk bei deem Molerei a Literatur zu engem Ganzen zesummefléissen. "Namen" sou den Titel vun dësem Wierk ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Schrëftsteller Nico Helminger an dem Moler Robert Brandy. Dobäi sinn dem Robert Brandy seng Tableauen net als einfach Illustratiounen vum Nico Helminger senge Gedichter ze verstoen, villméi sinn et zwou Konschtformen, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzen a komplettéieren.  Zäit, vill Léift zum Detail an eng perfekt Kommunikatioun tëscht deenen zwee Kënschtler an hirem Editeur Francis Van Maele waren néideg fir e Konschtwierk ze schafen bei dem Text a Biller hir eegen Harmonie fannen. En Hommage un eng Stad, Namur, awer och un d'Buch als Objet. 7 Tableauen a 14 Gedichter sinn am Buch ze fannen. D'Bea Kneip war op Besuch am Robert Brandy sengem Atelier an huet sech mat him a mam Nico Helminger ënnerhalen.

Lecture vun heiheem: "Namen" vum Nico Helminger a Robert Brandy