
© Kremart Edition
Dat zweet Buch aus der Kremart-Serie "Wat? Wéi? Wou?" Mat ganz ville Pechbiller!
D’Heft an engem grousse Format gehéiert zu der neier Kremart-Serie “Wat? Wéi? Wou?”, an där dat immens erfollegräicht Buch "Mäi Biller-Lexikon: Meng Welt" den Optakt gemaach huet. Hei, wat alles am Pirate-Stickerbuch dran ass:
• Wëssenswäertes iwwer d’Piraten: Wéi eng gouf et? Wou hu se geraibert? Wéi hu se gelieft? A wéi huet et op hire Schëffer ausgesinn?
• Am Buch sinn iwwer 300 Stickeren, fir anzepechen oder fir selwer Biller ze maachen.
• Symboler hëllefen, déi richteg Säite fir d’Stickeren ze fannen.
Kremart Edition
Anne Bernhardi
Wat? Wéi? Wou? Piraten: E Stickerbuch
Mat iwwer 300 Pechbiller
ISBN 978-2-919781-29-4
8 Euro