
5 fuschnei kuerz, an extra-kuerz Geschichte vu Kremart fir kleng a grouss Bicherwierm
"Keng Zäit fir ze liesen"...ass keen Argument wann ee Lëtzebuerger Literatur a klenge mondgerechte Stécker zervéiert kritt! E bësse méi laang an der Serie Timba vu Kremart, déi elo schon bei Nummer 18 an Nummer 19 ukomm ass. A fir dee klengen Honger, grad richteg fir bei de Kaffi oder bei de Schocki ass d'Serie Bucktugou!
Zwou Kuerzgeschichten an der Serie Timba
Timba 18: „Valley Girl“ vum Katharina Bintz Timba 19: „Pappendag“ vum Jackie Messerich
Dräi Mini Geschichten an der Serie Bucktugou
Hot Coffee fir déi Grouss
„Do uewe läit eent“ vum Alain Atten
Hot Chocolate fir déi Jonk a fir déi Grouss
- „Phantasialand“ vum Tullio Forgiarini
- „Un deen Dag, wou ech Auslänner gi sinn …“ vum Tullio Forgiarini