Band 1&2, nei opgeluecht!

Ausdréck aus dem fréieren Duerfliewen — Band 1:

Et ass esou wäit! „Vun der Long op d’Zong“ ass, no aacht Joer, erëm do – nei a frësch iwwerschafft!
Sprooch ass am stännege Wandel a sou och eis Heemechtssprooch Lëtzebuergesch. An dësem éischte Band
këmmere mir eis drëm, dass al Wierder, déi soss iergendwann eng Kéier vun der Bildfläch verschwanne géingen, preservéiert a konservéiert ginn. De Vocabulaire aus der fréierer Duerfambiance oder alen Theaterstécker mat Lokalkolorit, deen an dësem Band ënner anerem zesummegedroe gëtt, ergänzt aner scho publizéiert Wierker, ouni a Konkurrenz mat dësen ze stoen.
Dëst Buch ass awer méi ewéi dat! Nieft dem Vocabulairesdeel, wéi een e kennt, fannt Dir bei all Buschtaf interessant, deelweis historesch, baierlech oder och e bësse méi
humoristesch Texter. Entdeckt mam frëschen, erweiderten an an zwee Bänn opgedeelte „Vun der Long op d’Zong“ déi al Lëtzebuerger Sprooch nei!

éditions Schortgen
520 Säiten
32€
ISBN 978-2-919792-24-5

RTL

© editions Schortgen

Sammlung vun ale Wierder an Ausdréck — Band 2:

Et ass esou wäit! „Vun der Long op d’Zong“ ass, no aacht Joer, erëm do – nei a frësch iwwerschafft!
Den zweete Band vun der Neieditioun vu „Vun der Long op d’Zong“ deelt sech a follgend véier Rubricken:
1. Erklärung an Deitung vu mëttelalterleche Spréch, déi hautnach am Gebrauch sinn;
2. Erklärunge vun (alen) Riedensaarten an Ausdréck unhand vu Synonymmen;
3. Eng Oplëschtung ouni Erklärung vun (alen) Spréch a Wouerwierder;
4. Eng speziell Rubrik („Sot de Mann, sot d’Fra“) vu reellen a fiktiven Aussoen aus der Vergaangenheet bis an di haiteg Zäit, vu prominenten an nit sou prominente Matbierger oder Figuren.
Och an dësem Band fannt Dir Ausdréck, Wierder a Sproochaus der fréierer Duerfambiance an dem Baueremilieu. Taucht an an déi genësserlech, lieweg an heiansdo rau al Lëtzebuerger Sprooch.
Entdeckt mam frëschen, erweiderten an an zwee Bännopgedeelte „Vun der Long op d’Zong“ déi al Lëtzebuerger Sprooch nei!

éditions Schortgen
512 Säiten
32€
ISBN 978-2-919792-25-2

RTL

© éditions Schortgen