Koma21 ass den éischte Jugendroman vum Anja Di Bartolomeo

Dem Anja Di Bartolomeo säin éischte Jugendroman KOMA21 ass d’Geschicht vun engem jonke Meedchen, wat net richteg mat sengem (deels) pubertéitsbedéngte Gefillschaos eens gëtt. D’Liewen als Teenager ass net ëmmer einfach, d’Gefiller fueren Achterbunn, a keen ass do, deen ee versteet.
D’Liv, en éischter zeréckhalend siechzéngjäregt Meedche mat klengem Frëndeskrees, mécht genau dës Liewensphas am Moment duerch. Stress mat senger Mamm an hirem Frënd souwéi Sträit mat senge Frënn stinn ëfters um Programm. Och säi gudde Frënd zu Berlin, bei deen hatt heiansdo op Besuch geet, bréngt hatt ganz duercherneen. A wéi wann dee Gefillschaos net scho genuch wier, geheit den „Aaschlachvirus“ säi Liewe komplett op d’Kopp. Hatt trëfft sech ëmmer manner mat senge Frënn a geet och senger Leidenschaft zum Spraye kaum méi no.
Ouni Konstant a sengem Liewe fillt d’Liv sech iwwerfuerdert an zitt sech zeréck, hatt weess net, wou et sengen Emotiounen nach fräie Laf loosse kann. A senger Bull fillt d’Liv sech awer sécher, bis en onglécklechen Tëschefall och déi zum Platze bréngt.
An dësem Roman befaasst d’Anja Di Bartolomeo sech mat deenen alldeegleche Probleemer vun engem Teenager, souwéi mat ganz spezifeschen, ongewinnte Situatiounen, déi vill jonk Mënschen duerchliewen. Mat den Illustratioune vum Giulia Helminger kritt d’Liv eng ganz eege Perséinlechkeet.

RTL

© Heiko Riemann

Iwwert d’Schrëftstellerin:
D’Anja Di Bartolomeo, 1978 gebuer, huet Politikwëssenschaft a Geschicht zu Augsburg studéiert. Si schreift virun allem op Däitsch a Lëtzebuergesch an huet aktuell ee Roman sou wéi e puer Kuerzgeschichte verëffentlecht. Koma21 ass hir éischt Publikatioun bei den éditions guy binsfeld.

ANJA DI BARTOLOMEO
KOMA21
Jugendroman
Mat Illustratioune vum Giulia Helminger
éditions Guy Binsfeld
176 Säiten,
134 × 210 mm
Gebonne mat Liesbändchen
ISBN 978-99959-42-89-2
20€