Dëse Weekend waren nees Walfer Bicherdeeg! Hei e puer Impressiounen vum Samschdeg a vum Sonndeg

De Marc Limpach liest aus dem Reenert an de Jeff Thill stellt déi englesch Iwwersetzung vun eisem Nationalepos vir, déi hie fir dem Reenert säin 150ste Gebuertsdag gemaach huet



An der Hal "Books for Kids" kann ee villäicht souguer dem Kleesche begéinen...

Déi Walfer Schoulkanner hunn och dëst Joer nees en eegent Buch erausbruecht!

D'Buchpräis-Laureaten Pit Schlechter a Pit Weyer am Gespréich mam Camille Ney / ©
RTL/Bea Kneip

Den Alain Atten am Gespréich mam Camille Ney

Mat "Mondorf-les-Bulles" hunn d'Frënn vun der 9ter Konscht en neien Album erausbruecht


Um Stand vun den éditions Phi hunn de Claude Schmit, de Jacques Steiwer an d'Carla Lucarelli hir Bicher signéiert

An der Hal 1 kritt ee Bicher aus zweeter Hand ze kafen

Bicher an alle Sprooche ginn ugebueden


Um Stand vum ZLS (Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch)

D'Autorin Claire Schmartz mat hirem neie Roman "Bug" um Stand vun Hydre éditions

Um Stand vun Op der Lay an der Hal 2

D'Enseignante Nathalie Ferron huet mat de Walfer Schoulkanner dëst Buch realiséiert

Op der Internet-Plattform "Aner Welten" vum Cosimo Suglia a Sandy Heep geet et ëm speculative fiction.

De Guy Helminger, Servais-Präis Laureat 2022, war fir säi Roman "Lärm" op engem Stand. / ©
Bea Kneip/RTL

D'Germaine Goetzinger huet eng Biographie vun der Aline Mayrisch-de Saint-Hubert geschriwwen. Hei mat hirem Editeur Marc Binsfeld. / ©
Bea Kneip/RTL

De Pit Schlechter, deen de Buchpräis fir säin Lëtzebuerger Orbis Pictus “De Fléiepëlz” gewonnen huet, um Stand vu Kremart Edition. / ©
Bea Kneip/RTL

Dee jonke Schrëftsteller Antoine Pohu op der Aussebün, musikalesch begleet Pol Belardi an Arthur Possing / ©
RTL/Bea Kneip

"I'm having a Knippchen" sou heescht eent vun de Bicher vu Black Fountain Press. A si hunn tatsächlech Knippercher verdeelt! / ©
RTL/Bea Kneip

Um Stand vu capybarabooks gouf et selwer gemaachte Wäffelcher...a ganz vill gutt Bicher! "Leandro" an "This Hard Minett Land" sinn 2 fuschnei Titelen. / ©
RTL/Bea Kneip

Um Stand vun den éditions revue konnt ee sech vum Carlo Schneider d'Karikatour 2022 signéiere loossen / ©
RTL/Bea Kneip

An dem neie Kannerbuch vun der Olga Reiff kann een den Escher Déierepark ganz nei entdecken / ©
RTL/Bea Kneip

"Der verrückte Mister Glück" oder "Die beherzte Miss Herz" sinn um Stand vum Auteur Georges Haas ze fannen / ©
RTL/Bea Kneip

Opgepasst, hei gëtt jongléiert! D'île aux clowns an der Hal "Books for Kids" / ©
RTL/Bea Kneip

Fir hiert Kannerbuch "Watgelift" gouf d'Isabelle Hild beim Lëtzebuerger Buchpräis direkt zweemol ausgezeechent / ©
RTL/Bea Kneip

Vu Lëtzebuerg op Lissabon: um Stand vum Lilu Verlag fënnt ee méisproocheg Kannerbicher, op Lëtzebuergesch a Portugiesesch / ©
RTL/Bea Kneip

Still-Liewen: d'Walfer Schoulkanner hu Still nom Virbild vun hire Liblingsbicher dekoréiert / ©
RTL/Bea Kneip

Um Stand vu PersPektiv éditions huet de Marc Weydert d'Kannerbuch "Verdruddelt Geschichten" signéiert / ©
RTL/Bea Kneip
































Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Enseignante Nathalie Ferron huet mat de Walfer Schoulkanner dëst Buch realiséiert
D'Nathalie Ferron iwwer de Buchprojet "Den Dram vum Bam"
Am meeschte gelies
