Mat dëser Geschicht weist de Guy Rewenig, wéi autoritär Denkmusteren an aggressiv Verhalensweisen entstinn an iwwer Generatioune weidergedroe ginn.

A sengem neie Roman Schnatt erzielt de Guy Rewenig zwou Geschichten, déi no an no aneneegräifen: e Papp, dee mat senger privater Rebellioun net nokucke wëll, wéi seng Stad Tilt ëmmer méi „op den Hond kënnt“, a säi Bouf, deen sech duerch de Verloscht vu senger Aarbecht a senger Frëndin an enger onangeneemer Situatioun befënnt. Op den éischte Bléck hunn déi zwou Geschichten näischt, ausser dem familiäre Lien, mateneen ze dinn, mee vu Kapitel zu Kapitel gëtt däitlech, dass déi zwee Männer vill méi gemeinsam hunn, wéi et am Ufank ausgesäit. De Leo Schummer, e pensionéierte Bréifdréier, a säi Bouf, den Nikla Schummer, en Duscheverkeefer, zéie lues a lues an eng Richtung a ginn ëmmer méi radikal. De Leo ass dovun iwwerzeegt, dass hien ouni seng Bréifdréieruniform just „e klengen Dreck“ ass. Hie wëll sech Respekt verschafen, egal wat kënnt. Och den Nikla huet séier spatz, dass ee respektéiert muss ginn a fänkt un ze gleewen, dass keen him „den Aarm gebéit“ kritt. Déi zwee radikaliséieren sech weider, bis si sech ëmmer manner an hirem bedreelechen Ëmfeld erëmfannen. Mat alle Mëttele wëllen si sech géint déi ganz Welt behaapten, och eleng, wann et muss sinn. Mat dëser Geschicht mécht de Guy Rewenig siichtbar, wéi autoritär Denkmusteren an aggressiv Verhalensweisen entstinn an iwwer Generatioune weidergedroe ginn.

Iwwert den Auteur:
De Guy Rewenig ass 1947 zu Lëtzebuerg gebuer a lieft zu Nouspelt. Hie schreift an den dräi Landessprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Säi Repertoire reecht vun Erzielungen, Geschichten, Romaner a Lyrik iwwer Texter fir Kanner bis zu Theaterstécker, Cabaret an Essayistik. Hie gëllt als de Begrënner vum „Neie lëtzebuergesche Roman“ (Hannert dem Atlantik, 1985). Schnatt ass dem Guy Rewenig säin aacht Buch bei den éditions guy binsfeld.

RTL

© Pat Wengler

GUY REWENIG
SCHNATT
Roman
éditions Guy Binsfeld
352 Säiten,
110 × 170 mm
Gebonne mat Schutzëmschlag a Liesbändchen
ISBN 978-99959-42-90-8
22 €