Aus dem Engleschen iwwersat vum Martine Schoellen

D’Martine Schoellen bréngt pénktlech fir d’Walfer Bicherdeeg 2022 hir Iwwersetzung vum Kannerbuch Room on the broom eraus. D’Geschicht, am Original mam Text vum Julia Donaldson an den Illustratioune vum Axel Scheffler, erzielt vun enger Hex, déi mat hirer Kaz op eng Rees geet. D’Hex an d’Kaz sinn zesummen op hirem Biesemstill ënnerwee. Op hirer Rees léiere si vill verschidde Wiese kennen. Bei hinnen ass jidderee wëllkomm, dofir schléisse si séier nei Frëndschaften. Zesumme mat hiren neie Frënn – engem Hond, engem Vull an engem Fräsch – erliewe si vill Opreegendes. Sou begéine si och engem Draach, deen eppes aneres mat der Hex virhuet, wéi hire Kolleeg ze ginn. Dat ass de Moment, an deem hir nei Frënn beweise kënnen, dass si sech op se verloosse kann. Scho fir d’siwente Kéier iwwersetzt d’Martine Schoellen ee Kannerbuch vum Bestseller Duo aus England a léist eis esou och op Lëtzebuergesch un dëse Geschichten deelhuelen. An der Originalfassung ass d’Buch ënnert dem Titel „Room on the broom“ ze fannen.

Zu de Schrëftsteller*innen

JULIA DONALDSON D’Julia Donaldson ass 1948 zu London gebuer an huet op der University of Bristol Literaturwëssenschaft a Franséisch studéiert. Spéider huet si als Lektorin, Journalistin a Léierin geschafft, ass elo Schrëftstellerin a wunnt zu Glasgow. D’Julia Donaldson huet eng ganz Rei Kannerbicher geschriwwen, ënnert anerem De Grüffelo, hiren éischte groussen internationale Succès.

AXEL SCHEFFLER Den Axel Scheffler gouf 1957 zu Hamburg gebuer, wou hie Konschtgeschicht studéiert huet, éier hien an der Bath Academy of Art am englesche Corsham Grafik geléiert huet. Zënter 1986 lieft den Axel Scheffler zu London an ass souwuel Illustrator wéi och Auteur vu Kannerbicher. Mat sengem Buch The Gruffalo, dat an Zesummenaarbecht mam Julia Donaldson entstanen ass, huet hien eng weltwäit Renommée als Billerbuchillustrator kritt.

MARTINE SCHOELLEN D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. No engem Germanistikstudium op der Universität des Saarlandes huet si eng Vocatioun als Däitschproff fonnt. Hir Iwwersetzung vum Hans Christian Andersen sengem Tölpel-Hans, gouf 2012 a 2014 vum Nationaltheater Mannheim – Schnawwel opgefouert. Bei den éditions guy binsfeld huet si scho méi wéi een international erfollegräicht Kannerbuch vum Julia Donaldson an Axel Scheffler an d’Lëtzebuergescht iwwersat, dorënner och De Grüffelo.

RTL

© Heiko Riemann

JULIA DONALDSON/AXEL SCHEFFLER
„KEEN ZE VILL UM BIESEMSTILL“ 
Aus dem Engleschen iwwersat vum Martine Schoellen
32 Säiten
250 x 280 mm
Gebonnen
ISBN 978-99959-42-95-3