"De Sheriff" dat ass de Spëtznumm vum Bréifdréier Leo Schummer. A säi Jong, den Nikla, geet op de Kannerfuesbal als...Sheriff

"Schnatt", deen neie Roman vum Guy Rewenig

« De Sheriff » sou gëtt de Leo Schummer, Bréifdréier an der klenger Industriestiedchen Tilt, vun de Leit genannt. An de Schoulvakanzen schleeft e gäre säi Jong, den Nikla, mat op den Tour, dee krut dofir souguer extra vu senger Mamm eng Zort Uniform gebitzt. An um Kannerfuesbal verkleed den Nikla sech…als Sheriff.

«Uniform» ass e Schlësselwuert an dësem Roman. Wann de Leo Schummer seet «Ouni Uniform wär ech e klengen Dreck» da kënnt hien domat der Wouerecht méi no wéi et him selwer léif ass. Suguer nodeems e scho laang pensionnéiert ass, deet e seng Bréifdréieschuniform ëmmer nach un wann en aus dem Haus geet, fillt sech staark a respektéiert wann en se unhuet, benotzt se fir seng Onsécherheeten ze verstoppen.

An där huet de Leo der genuch. Säin autoritäert an deelweis aggressivt Verhalen ass seng Manéier fir domat ëmzegoen. Hie géif am léifsten alles kontrolléieren, aneren säi Weltbild opzwéngen.

Dass den Nikla, de seng Mamm fréi verluer huet a mat sengem Papp alleng bleift, sech probéiert ofzegrenzen, ass net weider verwonnerlech. An och net, dass et him am Endeffekt net geléngt.  Mat der Zäit gläicht hien dem Leo ëmmer méi. Grad wéi säi Papp identifizéiert hien sech mat senger Aarbecht, déi a sengem Fall doraus besteet, Duschen ze verkafen, d’TropiCascade am beschte komplett mat enger JungleCouch fir dat ultimativt Aqua-Erliefnis. A wéi hien seng Aarbecht verléiert, an dann och nach seng Frëndin, fällt hien an e Lach. Allebéid, Schummer père et fils, sinn se Loser, kommen net méi mat, ginn ofgehaangen an enger Welt déi si am Fong guer net verstinn.

Dass de Guy Rewenig e Meeschter am Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch ass, brauch ee kengem méi z’erzielen. Fir dëse Roman, wéi och schon a senge leschte Bicher, benotzt hien d’Erzieltechnik vum Stream of Consciousness. De Leo an den Nikla Schummer kommen ofwiesselend zu Wuert a schwätzen sech, wéi een op Däitsch géif soen «um Kopf und Kragen». Dës Technik huet de Guy Rewenig a senge leschte Bicher perfektionéiert.

Op déi Manéier stinn d’Personnagen zu all Moment am Fokus. De Lieser gesäit d’Welt duerch hire Brëll, mécht hir Gedankespréng mat, a kann hinnen hannert d’Stir kucken. Wat do ofleeft, zeechent sech bei béiden duerch e Manktem u Flexibilitéit aus, deen dacks an d’Groteskt ofrutscht. Regelen sinn do fir à la lettre befollegt ze ginn, näischt däerf hannerfrot ginn, och wann et scho laang kee Sënn méi mécht. An un déi Regelen hu sech och déi aner ze halen, de Leo huet säi Spëtznumm Sheriff net gestuel! Sou kommen se allebéid als onsympatesch Ierbessenzieler eriwwer, op der anerer Säit kënnen se engem awer scho bal leed doen. Zum Beispill wéi den Nikla e Kayak keeft an dann net weess wou en dat véier Meter laangt Sportgeschier soll ënnerdaach kréien. Paradoxerweis ass grad den Objet dee jo eigentlech uewe schwamme sollt, den Ufank vum Nikla sengem Ënnergang. Ze vill bedaueren sollt een hien dofir awer net, well soubal hie selwer e bësse Muecht kritt, ass en och gäre bereet d’Situatioun ouni iergendwelch Skrupel auszenotzen.

Si Kanner dozou verdaamt, esou ze ginn wéi hir Elteren? Oder kann een sech vun deene gewinnte Verhalensweise lassléisen? Dës Fro ass zentral am Roman. Wat d’Famill Schummer ugeet, schéngt et wéineg Hoffnung ze ginn, de Rabbelkappvirus gëtt vun enger Generatioun op déi aner weidergereecht. De Schnatt mat senger Vergaangenheet geléngt dem Nikla net.

A sengem neitste Roman zitt de Guy Rewenig all Regëster, spillt mat der Sprooch, kreéiert Biller déi een net méi aus dem Kapp kritt.  Et gëtt eng Hellewull kleng Detailer déi de Lieser am beschte selwer entdecke sollt. Ee klengen Detail deen ech awer nach ernimme wollt, ass dat ongewéinlecht Format, souzesoen en Täschebuch mat haarden Deckelen, grad esou wéi beim leschte Buch «Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk» Bon, dës Kéier ass den Titel méi kuerz ausgefall, ze iwwersinn ass en awer op alle Fall net!

RTL

© Portrait Guy Rewenig: copyright Pat Wengler