
© Lëtzebuerger Bicherediteuren
Den 9ten November stellen d'Auteuren hir Bicher vir déi an der Kategorie Literatur nominéiert sinn
Wie kritt de Buchpräis?
Entdeckt d’Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2023!
Zanter 2006 vergëtt de Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis. Och de Public ka beim Publikumspräis fir säi Coup de coeur ofstëmmen. Mee wien ass nominéiert?
Den 9. November kënnt Dir zu Walfer méi iwwer déi Bicher gewuer ginn, déi an der Kategorie Literatur nominéiert sinn. De CNL invitéiert d‘Auteuren, fir hir Wierker virzestellen, Extraiten ze liesen an iwwer hiert Schreiwen ze diskutéieren. A ganz niewebäi entdeckt Dir sou vläicht och Äre Favorit!
Den 9ten November um 19h00
Am CAW (5, rte de Diekirch L-7220 Walfer).
Den Entrée ass fräi
Weider Informatiounen op www.caw-walfer.lu
Weider Detailer iwwer d'Shortlëscht an de Link fir mat ofzestëmmen fannt Dir

