De franséische Schrëftsteller Olivier Adam kënnt op Lëtzebuerg. Hie wäert den 21ste Mäerz vun 18h00 bis 20h00 am Festsall vum Stater Jongelycée sinn an och seng Bicher ënnerschreiwen.
Den Auteur, deen 1974 zu Paräis gebuer gouf, konnt am 2000 direkt mat sengem éischte Roman "Je vais bien, ne t'en fais pas" den Duerchbroch paken. Dëse Roman gouf, wéi och verschidden anerer vu senge Wierker, fir de Kino adaptéiert. Den Olivier Adam huet nieft senge Romaner och Jugendbicher an Dréibicher fir de Kino geschriwwen. 2023 ass säin éischte Gedichtband bei den éditions Bruno Doucey erauskomm.

RTL

© Flammarion, photo: Pascal Ito

Hei zu Lëtzebuerg stellt hie säin neitste Roman "Dessous les roses" (Flammarion, 2022)  vir, an dem et ëm dräi Geschwëster geet, déi sech nom Doud vun hirem Papp an hirem Elterenhaus treffen.

RTL

© Flammarion