
© Ernster Editions
Dem Panda Teo säin Dram ass endlech an Erfëllung gaangen. Hien ass zum Kinnek vun den Déiere gekréint ginn.
Mee séier muss den Teo feststellen, datt net jiddereen sech mat him freet.
Do gëtt et nach en aneren, deen sech d’Kroun gär wëllt opsetzen . . .
Nom Erfolleg vum éischten Deel "Pantastesch", aus dem Joer 2021, ass elo endlech den zweeten Deel "Pantastesch - De Kampf ëm d'Kroun" vum Gilles Kolbet do!
Fannt och Dir eraus, wéi dem Panda Teo seng Geschicht weider geet.
(Pressetext)
"Pantastesch - De Kampf ëm d'Kroun" (Deel 2)
Text: Gilles Kolbet
Illustratiounen: Nadine Scholtes
Mat Musek vum Claude Zeimes an Thierry Mersch
ISBN 978-2-919892-52-5
64 Säiten
Erauskomm bei: Ernster Editions
19€
Am meeschte gelies