An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schonn a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit!

Ënnert dem Motto "Alles außer flach" waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert.

Net nëmme Klassiker wéi de Cees Noteboom oder de Jeroen Brouwers hunn et hinnen ugedoen, mä och zäitgenëssesch Auteure wéi de Gerbrand Bakker, d'Lize Spit oder d'Gaea Schoeters. An: de Gijs Wilbrink, dee mat sengem Debut-Roman "Tiere" direkt den Duerchbroch gepackt huet an deen dem Jérôme an dem Bea en Interview ginn huet. Hie verréit ënner anerem, wat et mat der mysteriéiser Regioun "Achterhoek" op sech huet a firwat de Vincent Van Gogh fir hien esou eppes wéi eng Punk-Ikon ass.

27. Weltbibliothéik: Ganz no bei eis: Literatur aus Holland a Flandern
RTL

De Gijs Wilbrink op der Leipziger Buchmesse 2024 / © Jérôme Jaminet

Iwwer dës Bicher gëtt geschwat:

  • "Tiere" Gijs Wilbrink (Ullstein)
  • "Der Sohn des Friseurs" Gerbrand Bakker (Suhrkamp)
  • "Kontur eines Lebens" Jaap Robben (Du Mont)
  • "Der ehrliche Finder" Lize Spit (S.Fischer Verlag)
  • "Trophäe" Gaea Schoeters (Paul Zsolnay Verlag)
  • "Angerichtet" (Het Diner) Herman Koch (KiWi Taschenbuch)
  • "Was man sät" Marieke Lucas Rijneveld (Suhrkamp)
  • „Alles außer flach“ (divers) Essays über aktuelle Literatur aus den Niederlanden und Flandern (edition amikejo)

RTL