
© BNL
3 renomméiert Literaturkritiker aus Däitschland, Lëtzebuerg an Éisterräich begéinen sech de 7te Mee an der Nationalbibliothéik fir e Sträitgespréich
Fir d'Format "Literatur hoch 3" ass et en Dënschdeg den Owend schonn déi 7ten Editioun bei der et zu enger animéierter Diskussioun tëscht 3 Kritiker kommen dierft. Invitéiert sinn den Dr Hubert Winkels (Däitschland), d'Dr Daniela Strigl (Éisterräich) an de lëtzebuerger Literaturkritiker Jérôme Jaminet. Jiddereen huet natierlech e Buch aus sengem Heemechtsland mat dobäi a probéiert d'Kritikerkolleg(inn)en ze iwwerzeegen!
Iwwer dës Wierker gëtt diskutéiert:
"Iowa - Ein Ausflug nach Amerika" e Roman vun der éisterräichescher Schrëftstellerin Stefanie Sargnagel
"Heilung" e Roman vum Timon Karl Kaleyta (Däitschland)
A fir Lëtzebuerg: "im halblichten geäst deines atems" e Gedichtband vun der Ulrike Bail, der Servais-Laureatin vun 2021
Diskutéiert gëtt en Dënschdeg 7te Mee um 19h00 an der Nationalbibliothék um Kierchbierg. Den Entrée ass fräi, et soll een sech awer iwwer de Site vun der BNL umellen.