
© PersPektiv éditions
Déi kleng Bëschmaus Finni verléiert de Kaddo deen hat sengem Brudder sollt matbréngen. Wat soll hat elo maachen?
Pressetext vu PersPektiv éditions:
D’Finni, eng Bëschmaus, muss säi Brudder an d’Bëschklinick besiche goen. Den Ipsi war mam Vëlo gefall an hat sech un enger Schierbel verletzt. De Wee bis an d’Klinick ass wäit an zimmlech komplizéiert. Kee kann haut mam Finni matgoen. Dofir erkläert seng Mamm him de Wee ganz gutt. Si gëtt him nach e Päckelche mat, an deem e Kaddo dran ass. D’Finni däerf ënnerwee net an de Päckelche luussen. Hatt versprécht et.
Leider verléiert d’Finni de Kaddo ënnerwee. Hatt muss en onbedéngt erëmfannen, well ouni Kaddo wëllt et net bei säi Brudder goen. E puer frëndlech Déieren hëllefen him beim Sichen, um Bëschwee, laanscht dem Feld, an den Hecken …
"De Kaddo"
Jhemp Hoscheit (Text)
Sandra Martins (Illustratiounen)
Erauskomm bei PersPektiv éditions
Vun 4 Joer un
Säiten: 36
Format: 26 cm x 26 cm
19,50€