"Den Jonti Gentoo - E klenge Pinguin erlieft Grousses" aus dem Engleschen iwwersat vum Martine Schoellen

Pressetext vun den éditions Guy Binsfeld:

Eng Weltpremière steet virun der Dier: Net nëmmen déi original englesch Versioun, ma och déi lëtzebuergesch Iwwersetzung Den Jonti Gentoo kënnt mat villen anere Sprooche gläichzäiteg eraus. De villverspriechende Bestsellerduo mam Julia Donaldson, déi sech ëmmer rëm flott Geschichten ausdenkt an dem Axel Scheffler, deen dës Texter a fantasievoll Biller iwwerdréit, hunn nees eng originell Erzielung fir Kanner op d’Blat bruecht.
Dat neit Kannerbuch Den Jonti Gentoo erzielt d’Geschicht vun engem klenge Pinguin, dee mat vill Courage am Gepäck ronderëm d’ganz Welt reest, ëmmer mat engem festen Zil virun Aen. De virwëtzegen Jonti schläicht sech nuets aus dem Zoo, nodeems seng Tattaen him vum Südpol erzielen, wou nach ganz vill aner Gentoo-Pinguinen, sou wéi hien, wunnen. Fir hie steet fest: Hie muss dohi reesen. Dobäi hätt den Jonti awer net erwaart, dass hie sech esou op de Wee an d’Abenteuer vu sengem Liewe mécht – wou net just Geforen op hie laueren, mee och nei Frëndschaften entstinn.
Mee, packt hien et wierklech bis bei dee Pol ze watschelen, vun deem hie gezielt krut?
Den Jonti Gentoo, mam Originaltitel Jonty Gentoo – the Adventures of a Penguin, vum Julia Donaldson an Axel Scheffler ass schonn dat 10. Buch, dat d’Martine Schoellen vum Bestsellerduo a flott lëtzebuergesch Reimer
iwwerdroen huet.
Sidd Dir prett fir eng Rees duerch Äis a Schnéi?
Da loosst Iech iwwerrasche vun dëser neier Publikatioun!

JULIA DONALDSON
D’Julia Donaldson ass 1948 zu London gebuer an huet op der University of Bristol Literaturwëssenschaft a Franséisch studéiert. Spéider huet si als Lektorin, Journalistin a Léierin geschafft, an ass elo Schrëftstellerin. D’Julia Donaldson huet eng ganz Rei Kannerbicher geschriwwen, ënnert anerem The Gruffalo, säin éischte groussen internationale Succès.

AXEL SCHEFFLER
Den Axel Scheffler gouf 1957 zu Hamburg gebuer, wou hie Konschtgeschicht studéiert huet, éier hien an der Bath Academy of Art am englesche Corsham Grafik geléiert huet. Den Axel Scheffler ass souwuel Illustrator wéi och Auteur vu Kannerbicher. Mat sengem Buch The Gruffalo, dat an Zesummenaarbecht mam Julia Donaldson entstanen ass, huet hien eng weltwäit Renommée als Billerbuchillustrator kritt.

MARTINE SCHOELLEN
D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg gebuer. No engem Germanistikstudium op der Universität des Saarlandes huet si hir Vocatioun als Däitschproff fonnt. Hir Iwwersetzung vum Hans Christian Andersen sengem Tölpel-Hans, gouf 2012 a 2014 vum Nationaltheater Mannheim – Schnawwel opgefouert.
Bei den éditions guy binsfeld huet si scho méi wéi een international erfollegräicht Kannerbuch an d’Lëtzebuergescht
iwwersat, dorënner och De Grüffelo.

JULIA DONALDSON / AXEL SCHEFFLER
DEN JONTI GENTOO
E klenge Pinguin erlieft Grousses
Op Lëtzebuergesch verzielt vum Martine Schoellen
éditions guy binsfeld
40 Säiten
250 × 280 mm
Hardcover
ISBN 978-2-919822-08-9
18 €