© Judith Feider an Annick Wagener
Mat Héierbuch, Lidder an Aktivitéiten
Pressetext vun den Autorinnen:
Dee klenge Fësch genéisst säi Liewen am Mier all Dag op en Neits. Hien ass begeeschtert vu senger Heemecht, wou esou vill interessant Mieresbewunner mat him zesumme liewen. Voller Bewonnerung observéiert hien hir villfälteg Eegenschaften a Gewunnechte. Eng Begéinung mat sengem Kolleeg, dem Tëntefësch, confrontéiert de Fësch awer enges Daags mat enger Wouerecht, déi hien eigentlech net wëll gesinn.
Ee positiivt Buch iwwert d'Liewen am Mier an d'Erausfuerderungen déi sech der Ënnerwaasserwelt vun haut stellen. Looss dech mathuelen an dem Fësch seng Welt: Kuck, lauschter, lies, rätsel a sang mam Fësch a senge Frënn!
D'Geschicht gëtt begleet vu 4 Lidder iwwert de Fësch, seng Erliefnisser an iwwert seng Frënn.
D'Lidder, wéi och d'Héierbuch, sinn iwwer QR-Coden am Buch ofzelauschteren.
An engem Faktencheck fënnt ee kuerz an interessant Informatiounen iwwert Déieren aus dem Buch.
Op dem Internetsite "iunik.lu" fënnt een nach zousätzlecht gratis Material zum Buch.
D'Judith Feider an d'Annick Wagener sinn allen zwee am pedagogesche Beräich täteg. "De klenge Fësch" ass hiert 2.Buch, nom "De Kéisecker, deen ni midd gëtt", dat am September 2023 erauskoum.
"De klenge Fësch"
Judith Feider an Annick Wagener
Fir Kanner vu 4-8 Joer
52 Säiten
ISBN 978-99959-0-964-2
21€
