
© Renée Reding
Mobbing an der Schoul, dat ass d'Thema vun der Renée Reding hirem neie Jugendroman
Pressetext vun der Renée Reding:
Der Wechsel aufs Gymnasium in Luxemburg wirft Ben komplett aus der Bahn. Nichts ist mehr wie in seiner alten Schule. Jeden Morgen hat er Angst, was der neue Tag ihm bringt. Seine Mitschüler hänseln ihn. Er wird verspottet, belogen und bestohlen. Doch er traut sich nicht, sich jemandem anzuvertrauen, zumal auch sein Klassenlehrer es auf ihn abgesehen hat.
Und das alles nur weil er er ist.
Eine zahrte Freundschaft zu Max, einem Mitschüler, lässt ihn Hoffnung schöpfen. Doch nachdem die Situation eskaliert, wird Ben bewusst, so kann es nicht weitergehen.
Schafft er es mit Hilfe seiner Familie, seines Freundes sowie des Direkors, dem Teufelskreis „Mobbing“ zu entfliehen?
Eine ergreifende Geschichte, die zum Nachdenken anregt.
D'Renée Reding iwwer hiert Buch:
Ech schreiwe gär iwwer realistesch a gesellschaftskritesch Themen an do ass Mobbing definitiv eng vun deenen heefegste Gewaltdoten an de Schoulen.
Mobbing trëtt awer net nëmme bei Kanner, mee genau esou oft bei Erwuessenen op.
D’Kanner wëssen och all eppes mat dem Wuert unzefänken. Ech hunn a mengem Bekanntekrees verschidde Kanner gefrot a krut Äntwerte vun: ‚ Wann een e schléit – Wann een engem eppes ewech hëlt – Wann een express ëmmer erëm e vernennt.‘
Gutt, mee Mobbing ass esou vill méi!
D’Kanner kréien dat natierlech an der Schoul ëmmer erëm gesot, an awer ass et eppes aneschtes wann een eng Geschicht liest wou een sech kann esou richteg dran era setzen, wou ee mat dem Ben fillt a leit, wou e léiert, dass Mobbing ganz vill Facetten huet an sech och ëmmer weider eropschrauft. A ganz genau dat wollt ech mat dësem Buch weisen.
Hannen am Buch sinn och Ulafplazen opgezielt wéi: Kanner a Jugendtelefon, Mobbing-asbl a Portal.education.lu/Stopp mobbing.
"Weil du du bist - wenn Schule zum Albtraum wird"
Renée Reding
172 Säiten
ISBN. 979-8-3284-1280-3
15€