D’ Chronik erzielt, am Kader vun engem Lëtzebuerg dat sech nom Krich nei erfënnt, d’Schicksaler vu véier Bridder vun enger Famill aus dem Norden vum Land.

Pressetext vum Verlag Op der Lay: 

D’ Zäitspan geet vun direkt nom Krich bis an d’Uechtzeger.

- Den Aloyse, deen an eng politesch Karriär gedréckt gëtt, deen awer weder d’ Moyenen vu sengen eegenen
Ambitiounen nach vun deenen vu sengem Entourage huet. Et kritt kee gutt Enn fir hien.

- De Charel ass senger frommer Mamm hire Fiffi. Hie gëtt Priister an huet eng schéi Karriär bis an déi
héichste Sphären vun der kathoulescher Hierarchie viru sech. Et geet anescht wéi geduecht a seng Vergaangenheet
mécht him a Stréch duerch d’ Rechnung.

- Den Néckel ass dee mat de schlechte Kaarten. Hien huet d’ Gefill datt hien ëmmer de Kierzeren zitt. No engem
katastrophalen Accident kritt hie, mat der Hëllef vu senger Fra, d’ Kéier.

- De Jos, dee Jéngsten, ass clever an opportunistesch. Hie fënnt a jonke Joren en hedonistesche Léiermeeschter.
Spéider huet hien zwou Obsessiounen: Fraen a vill Geld verdéngen. Hien ass voller Widderspréch an, obschonn
seng Frënn a Relatioune bei de Bloe sinn, iwwerweist hien all Joer déck Zommen un d’ KPL.
D’ Erzielperspektiv ass déi vun deem deen Alles weess. Allerdéngs stellt deen Alleswëssenden wärend de 27
Episoden all Kéier op eppes Spezielles schaarf dat méi mat deem engen oder deem anere Personnage vun der
Chronik ze dinn huet.
Déi 27 Episoden a Schicksaler sinn duerch en zentrale Plot mateneen verbonnen. Et soll e Sittebild mat
typesch lokalen Aspekten entstoen. Doriwwer eraus misst sech déi heite Fro stellen: beherrsche mir onst Liewen,
decidéiere mir eigentlech selwer wat mat eis geschitt oder ass dat just eng Illusioun ënnert villen aneren?

DEN AUTEUR
De Jean-Louis Schlesser ass an der Stad Lëtzebuerg gebuer a lieft och do.
Täteg an der Publicitéit, an de Relations publiques, an engem Verlag (Editpress), an als Auteur. Polemist a Chroniqueur.
Zeenarist fir Film, BD a Graphic Novels. Kuerzgeschichten, Roman, Theaterstéck.
Schreift op Franséisch, Lëtzebuergesch an op Däitsch.
Engagéiert fir e Lëtzebuerg vun der Diversitéit a vun der Gerechtegkeet.

Sprooch: Lëtzebuergesch
Verfügbar ab dem: 9.10.2024
Oplo: 1. Oplo 2024
Säitenzuel: 196
Format:Täschebuch
Gréisst: 12 x 18,5cm
ISBN: 978-2-87967-273-1
Op der Lay 212
Réf. article: ART0207
Prix de vente: 17,90 €