
© Kremart Edition
E witzegen Tour duerch déi formidabel Welt vun den Dinosaurier. Fir jidderee vu 4 Joer bis 250 Millioune Joer.
Pressetext vu Kremart Edition:
E Buch iwwer Dinosaurier ... mat engem Hong vir drop? Firwat dat esou ass, dat fannen déi jonk Lieser a Lieserinne séier raus. Dëst Buch ass nämlech e witzegen Tour duerch déi formidabel Welt vun den Dinosaurier. Fir jidderee vu 4 Joer bis 250 Millioune Joer.
Kremart bréngt mat "Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier" eng nei Iwwersetzung vun engem Buch vum belschen Auteur an Illustrateur Guido Van Genechten eraus. Eng ganz Partie vu senge Geschichten, dorënner "Däerf ech an deng Lomp luussen?", "Däerf ech an däi Bett luussen?" an "De Geescht Gubi", goufen ewell op Lëtzebuergesch iwwersat an hu fir vill Freed bei klenge Lieser a Lieserinnen a grousse Virlieser a Virlieserinne gesuergt.

© Kremart Edition
Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier
Text an Zeechnungen: Guido Van Genechten
Iwwersetzung: Christiane Kremer
ISBN 978-2-919781-72-0 • 28 Säiten • 18 Euro