
© Kremart Edition
E peppegt Pop-up-Buch mat drolegen Dinoen
Pressetext vu Kremart Edition:
Prett fir lëschteg Iwwerraschungen an engem peppege Pop-up-Buch? Da lass! Well dat hei ass e Buch fir dran ze luussen, awer just wann ee sech traut! Et ass dat éischt Pop-up-Buch vu Kremart ... an et hieft een d'Klappe bannendra besser net op, well soss kéinten d'Dinosaurier undrécken! Déi fënnef faarweg Panoramasäite garantéieren en Heedespaass.

© Kremart Edition
Wien huet d'Dinoe rausgelooss? Droleg Pop-uppen
Text: Sam Taplin
Pabeiertechnik an Design: Jenny Hilborne
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-69-0 • 10 Säiten • 18 Euro
Am meeschte gelies