Eng Entdeckungsrees mat plakativen Illustratiounen a kuerzen Texter op Lëtzebuergesch. Fir Kanner vun 2 Joer un

Pressetext vu Kremart Edition:

E weidert Buch aus der Kremart-Serie "Wat? Wéi? Wou?" mat Äntwerten op Froe wéi: Wat hunn d'Dinosaurier gefriess? Wéi grouss war en Dino-Ee? A gouf et Dinosaurier och am Mier? D'Wiesen aus der Urzäit faszinéiere schonn déi Klengst. Mee wou hunn d'Dinosaurier gelieft a wéi hu se sech verdeedegt? Eng Entdeckungsrees mat plakativen Illustratiounen a kuerzen Texter op Lëtzebuergesch.
 
Iwwer d'WWW-Serie (a Kooperatioun mat Ravensburger): "Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon" - esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis: mat groussen an eendeitege Biller, mat kuerzen an einfachen Texter a mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen. D'Biller-Lexikone si fir Kanner vun ongeféier 2 Joer un: Se si faarweg, praktesch an informativ, se hu Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen a se hunn eng bequeem Spiralbindung. An der Serie sinn ausserdeem nach ze kréien: "Fäertereg, rosen, frou sinn" an "Wat iesse mir?".
 
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: D'Dinosaurier Illustratioun an Text: Angela Weinhold ISBN 978-2-919781-67-6 • 16 Säiten • 16 €