
© Luc Marteling/RTL
Wat liesen d'Amerikaner? Wat verréit eis d'Literatur iwwer d'USA vun haut? E Gespréich mat der Anglistin Diane Neises iwwer 10 Bicher aus 3 Joerhonnerten.
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Joerhonnerte mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d'Bea Kneip an d'Anglistin Diane Neises. Si hu sech zesummegesat, fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.
D'Resultat ass e Podcast, an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn, vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer bekannt Wierker wéi "The Great Gatsby" bis bei méi rezent Romaner wéi zum Beispill "Man in the Dark" vum Paul Auster oder "American Dirt" vun der Jeanine Cummins.