An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.

Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus, déi vun de Clientë  bestallt a bannent Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitess ass alles, wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht, deen d'Wuer als éischte prett huet a se bei de Client liwwere kann, mécht e Geschäft. Dobäi gëtt och gären emol mat onfaire Mëttele geschafft...

Dem Tom Hillenbrand säi Roman spillt an enger Zukunft, déi engem beonrouegend kënneg virkënnt. Konsum ass zum Selbstzweck ginn an d'Brénger si gläichzäiteg d'Helden an d'Sklave vun dësem System.

Méi doriwwer am Interview mam Tom Hillenbrand:

Den Tom Hillenbrand am Interview iwwer säin neie Roman "Lieferdienst"
RTL

© Kiepenheuer und Witsch