
© éditions Philou
Déi éischt Enquête vum "Detektivbüro DS": Eng nei Serie vun der Viviane Daman
Pressetext vun den édtions Philou:
D’Zwillingen David a Sophie ginn Zeie vun engem Abroch um Camping zu Gréiwemaacher. Well awer keen eppes Geneeës gesinn huet, decidéieren si zwee Detektiven ze ginn an den Déif ze sichen. Bei hire Recherchë kréien si mat, datt e Chamäleon aus dem Päiperleksgaart soll entfouert ginn. Domadder muss den neien Detektivbüro gläich zwee komplizéiert Fäll léisen
D’Viviane Daman gouf 1954 an der Stad gebuer. Si huet hir Schoulen zu Nidderkuer an zu Esch-Uelzecht ofgeschloss an huet duerno an de Grondschoule vun der Gemeng Péiteng geschafft, ier si eng Librairie zu Esch-Uelzecht iwwerholl huet.
Si schreift säit 2000 Kannerbicher op Lëtzebuergesch, meeschtens Detektivgeschichten awer och Texter iwwer d’Gemeng Péiteng. Si huet de Concours vun der Initiativ Freed um Liesen mat de franséische Bicher Meurtre au poulailler an Vacances au galop gewonnen.
Säit 2009 goufen 10 Bänn vun hirer Serie Kanner, ……….. publizéiert.
"Enquête am Päiperlécksgaart"
Viviane Daman
Erauskomm bei: éditions Philou
ISBN 978-2-919818-42-6
52 Säiten
16€