
© PersPektiv Editions
De Philippe weess et elo schonn: Wann hie grouss ass, gëtt hie gär Kleeschen!
Pressetext vu PersPektiv Editions:
Wéi d’Joffer Florence hir Kanner an der Schoul freet, wat si wëlle ginn, wa se grouss sinn, zéckt de Philippe kee Moment: Wann hie grouss ass, gëtt hie gär Kleeschen!
Fir säin Dram ze verwierklechen, muss e sech fir d’éischt dee richtege Kostüm besuergen. An dat ass guer net esou einfach. Mee de Philippe huet vill Fantasie an zesumme mat sengem Hond Pippa bréngt hien dat bestëmmt fäerdeg!
"Wann ech grouss sinn, ginn ech Kleeschen!"
Maude De Bel a Stefano Martinuz
erauskomm bei: PersPektiv Editions
32 Säiten
ISBN 978-29198-13-72-8
15,50€
Am meeschte gelies