
© Bea Kneip/RTL
Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut.
De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. Säi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" stellt hien elo säin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass och nees Fantasy mat am Spill, awer net nëmmen. An deenen 12 Geschichten triede verkannte Superhelden op, fiktiv Rockstaren an Eisebunn-Nostalgiker. De Lieser gëtt matgeholl op eng verwurrelt Zäitrees a kann engem Personnage hannert d'Stier kucken... wuertwiertlech. Wéi en op all déi droleg Iddie kënnt? Dat erzielt de Luc François am Interview.
"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François ass bei Hydre éditions erauskomm.

© Hydre éditions