E Premier, dee per Lous bestëmmt gëtt, an d'Sich no enger Identifikatiounsfigur fir eis national Literatur.

Kaum ee Buch huet dës Saison esou séier esou vill Opmierksamkeet kritt wéi dem Fabio Martone seng Erzielung "Ondugen". Dobäi ass dee gudde Fabio dach en onbeschriwwent Blat an der Lëtzebuerger Literaturzeen – op d'mannst ënnert deem Numm. Dass Fabio Martone e Pseudonym oder vill méi en Heteronym ass, gëtt séier kloer. Mä wann den oder déi AuteurInnen, déi sech dohanner verstoppen, dat esou wëllen, da kann een dat Spillche jo och gäre matspillen. Sou war et scho beim Tomas Bjørnstad, vun deem mir jo mëttlerweil wëssen, dass et hien Heteronym vum Nico Helminger ass. A wann deemools nach vill gerode gouf, dann hunn déi Leit, déi sech e bëssen an der Lëtzebuerger Literaturzeen auskennen, dës Kéier op d'mannst en "educated guess" parat.

Mä et soll ee jo d'Wierk gesinn an net den Auteur (oder?). Wourëms geet et also an "Ondugen"?

Eng nei politesch Partei ass genee dat, wat Lëtzebuerg nach gefeelt huet! Dat sot sech och de Claudio Bottiglia an huet zesumme mat dräi Frënn "D'Lotterie" gegrënnt. Hir Revendicatioun: Wiele goen, war gëschter, deen nächste Premier (oder d'Première) sollte per Lous bestëmmt ginn! (Spoiler alert: och dat ass net déi ideal Léisung...)

Um Wee fir op hir Parteiversammlung muss de Claudio awer en Ëmwee a Kaf huelen... a geréit an eng ganz aner Diskussioun eran. Firwat huet Lëtzebuerg keen Nationaldichter, ee wéi de Shakespeare an England oder de Cervantes a Spuenien? Wier et méiglech, dass sech esou e literarescht Genie souzesoen "incognito" ënnert eis ophält? En Unisproff, deen der schonn e puer iwwer den Duuscht gedronk huet, proposéiert eng Theorie: De Victor Hugo an de Goethe ware jo allebéid zu Lëtzebuerg. A wa si deemools fir Nowuess gesuergt hätten, an et wieren haut nach Nokomme vun hinnen am Ländchen doheem? An d'Iddi nach e bësse weider gesponnen, wa sech déi zwee DNA-Pullen an engem eenzege literaresche Superheld vereenegt hätten? Dee bräicht een deen oder dat just nach ze fannen!

"'Hugoethe' wollt ech en nennen, den Auteur, dee mir gesicht hunn. Also als Codenumm. Esou Missioune brauche jo ëmmer Codenimm. 'Goethugo' sot den Hell. Ech sot: Dat kléngt mir ze vill wéi to go. Gutt Literatur ass net fir matzehuelen an doheem opzewiermen."

"Ondugen" ass eng satiresch Ofrechnung mat eiser Demokratie an eiser Literatur.

"Lëtzebuerg huet keng Literaturgeschicht", sot den Hell, "well Lëtzebuerg keen Auteur huet, deen dem Land seng Literatur kondenséiert. En Aushängeschëld. Eng Mark."

Literatur als "Nation Branding" also. Dobäi ass et egal, wie se liest, ob iwwerhaapt ee se liest. Dee schéine Schäin ass méi wichteg, wéi de Fong vun der Saach. An dat léisst sech och op aner Beräicher iwwerdroen. Do ass et guer net méi wichteg, dass de Gewënner vun der Premiers-Lotterie en "exemplareschen Dëlpes" ass.  Och seng Binnett ass just en Fassad, reng representativ:

"Ma eben", sot d'Annette, "fir méi brauche mer se net. Si representéieren, mir geréieren, an d'Welt dréint vum selwen."

A wa se emol net esou dréint wéi se soll, da gëtt se ebe korrigéiert, op d'mannst optesch. Rassismus, Nepotismus a wat soss nach alles, ënnert dee berüümten Teppech passt villes.

"Mat all deem, wat bei eis ënnert den Teppech gekiert gëtt, misst dee mëttlerweil d'Form vum Mount Everest ugeholl hunn."

"Ondugen" huet säin Numm net gestuel. Jidderee kritt säi Fett of, och d'Literaturzeen an d'Welt vum Theater. An deen oder déi Auteure ginn dobäi gäre kreativ mat der Sprooch ëm. Dass déi eng oder aner Metapher emol "esou schif wéi de Pisatuerm" geréit, ass wuel éischter gewollt.

RTL

© Véronique Kolber

Apropos Theater: "Ondugen" ass am November als Buch erauskomm, et ass awer och e Bünestéck, dat ugangs Dezember am Mierscher Theater seng Première gefeiert huet, dat mam Konstantin Rommelfangen an der Haaptroll, deen als Claudio Bottiglia dem Barkeeper (gespillt vum Georges Keiffer) säi Leed klot. E Stéck a fënnef Glieser an engem Digestif, inzenéiert vum Claude Mangen.

Déi nächst Opféierungen am Mierscher Theater:
SA 01.02.25 | 20:00
SO 02.02.25 | 17:00
DË 18.03.25 | 20:00
MË 19.03.25 | 20:00
DO 20.03.25 | 20:00
DO 15.05.25 | 20:00
SA 17.05.25 | 20:00

ONDUGEN: Eng Satir a fënnef Glieser an engem Digestif
Text: Fabio Martone
Regie: Claude Mangen
Schauspill: Konstantin Rommelfangen, Georges Keiffer
Produktioun: Mierscher Theater

RTL

© Hydre éditions

"Ondugen" vum Fabio Martone ass als Buch bei Hydre éditions erauskomm.