Eemol Fräsch, ëmmer Fräsch - oder éieren net?

Pressetext vu Kremart Edition:

Eemol Fräsch, ëmmer Fräsch – esou kéint een dëst superflott neit Kannerbuch resüméieren: Am Ufank ass de Friggi en Ee aus enger Bruck, dat eleng an engem Dëmpel schwëmmt. Ganz séier fänkt de Friggi un, sech ze veränneren: Him wuessen Äerm a Been an eng laang, pecheg Zong. Mee dann halen d’Verännerungen op eemol op an de Friggi ass e langweilegen, ale Fräsch. Oder éieren net?

RTL

© Kremart Edition

"De Friggi ass e Fräsch" gouf geschriwwen a gezeechent vum Alex Latimer, engem erfollegräiche Kannerbuchauteur aus Südafrika. Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Luc Marteling gouf d’Buch an Zesummenaarbecht mat englesche Verlag Oxford University Press realiséiert. Vum Alex Latimer ass iwweregens och déi ganz beléiften an herrlech illustréiert Kannergeschicht "Ray – E kleng Insekt weist de Wee" bei Kremart erauskomm.
Virgestallt gëtt dat neit Kannerbuch op enger Liesung vum Christiane Kremer um Kanner- a Jugendbicherdag de 25. Januar ëm 14:30 Auer zu Diddeleng am Kulturzenter opderschmelz.

"De Friggi ass e Fräsch"
Alex Latimer 
Iwwersetzung: Luc Marteling
Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-68-3
32 Säiten
20 Euro