E Ronndëschgespréich mat Akteuren aus der Lëtzebuerger BD-Zeen

Pressetext vum CNL:

De Centre national de littérature invitéiert op d’Table ronde "Gezeechent Geschicht(en)"

D’Bande dessinée huet an de leschte Joerzéngten e remarkabele Wandel duerchgemaach. Vun enger Erzielform, déi reng no hirem Ënnerhalungswäert jugéiert gouf, huet se sech esouwäit diversifizéiert, dat et mëtlerweil kee Sujet méi gët, deen net och an enger BD traitéiert gët. D’Geschicht spillt an deem Kontext eng besonnesch Roll. Si ass net nëmme vun Ufank un eng grouss Inspiratiounsquell fir Fiktiounen, si bitt och vill Méiglechkeeten, fir mam didaktesche Potential vun der BD ze experimentéieren.
Am Gespréich mat de Bédéistë Marc Angel an Antoine Grimée a mam Historiker Benoît Majerus retracéiert dëst Ronndëschgespréich d’Entwécklung vun der Geschichtsduerstellung an der Lëtzebuerger BD a wërft e Liicht op d’Atouten, awer och op d’Limite vun enger villfälteger Ausdrocksform.
Moderéiert gët dëst Ronndëschgespréich op Lëtzebuergesch vum Claude Kremer, Conservateur am CNL.

Den 11. Februar 2025 um 19.30 Auer am Centre national de littérature /Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch.
Centre national de littérature
2, rue Emmanuel Servais
L-7565 Mersch
D’Entrée ass fräi.