De franséische Psycholog a Schrëftsteller kënnt op Invitatioun vum Stater Jongelycée op Lëtzebuerg

Dem Franck Pavloff (gebuer 1940) seng Novelle "Matin brun" (éditions Cheyne, 1998) huet sech iwwer 2 Millioune mol verkaaft an ass a 25 Sproochen iwwersat ginn. Säi Wierk ëmfaasst méi wéi 30 Romaner an Novellen fir Jonker an Erwuessener an zwee Gedichtbänn. 
Säin neiste Roman "L'hôtel du Rayon Vert" (Albin Michel, 2024) deen hien hei zu Lëtzebuerg virstellt, spillt an engem Hotel zu Cerbère, enger klenger Stad just virun der spuenescher Grenz. Hei begéine sech ganz verschidde Personnagen op der Sich no hirer eegener Wouerecht.

RTL

© Albin Michel

Den Donneschdeg 27ste Mäerz ass de Schrëftsteller vun 18h00 bis 20h00 am Café littéraire vum LGL fir dem grousse Public seng Bicher virzestellen a se ze signéieren. D'Bicher kritt een och op der Plaz ze kafen. 
Den Entrée ass fräi, et brauch een sech och net unzemellen.

RTL