
D'Hajar Azell (3.vu riets) an de Jérôme Quiqueret (2te vu riets) mat der franséischer Ambassadrice Claire Lignières-Counathe (3. vu lénks) an de Vertrieder vun de Partner-Institutiounen / © Image Bea Kneip/RTL
Déi franséisch-marokkanesch Schrëftstellerin Hajar Azell an de Servais-Laureat vun 2023 Jérôme Quiqueret tauschen ee Mount laang d'Plazen
Eng duebel Autore-Residenz fir de 70ste Joresdag vum accord culturel franco-luxembourgeois ze feieren
Ee Mount laang residéiert déi franséisch-marokkanesch Schrëftstellerin Hajar Azell zu Lëtzebuerg iwwerdeems de Jérôme Quiqueret zu Scy-Chazelles bei Metz zu Gaascht ass. D'Autore-Residenz ënnert dem Titel "Récit' Chazelles" gëtt et scho méi laang. Nei ass awer d'Konzept vun der "résidence croisée". Dësen Echange soll déi enk kulturell Relatiounen tëscht deenen zwee Länner ënnersträichen a fërderen. De Programm vun dëser duebler Autore-Residenz gouf um Méindeg Owend bei enger Pressekonferenz an der Residenz vun der franséischer Ambassadrice virgestallt, bei der Vertrieder vun deene verschiddene Partner-Institutiounen mat dobäi waren. (Ambassade de France au Luxembourg / Institut français du Luxembourg, Centre national de littérature de Luxembourg, Drac Grand Est, ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg, ville de Metz)
Hannert dem Projet stécht och en europäesche Gedanken: d'Duerf Scy-Chazelles war de leschte Wunnsëtz vum Robert Schuman, do gouf de Plan Schuman entworf (dee mir jo den 9te Mee um Europadag feieren) an do ass hien 1963 verstuerwen. Haut ass d'Maison Schuman e Musée.
Wie sinn d'Auteuren déi un der Residenz deelhuelen?
De Jérôme Quiqueret brauch een net méi virzestellen. Mat sengem Buch "Tout devait disparaître" (capybarabooks 2022) an dem hien e Mordfall zu Esch am Joer 1910 analyséiert, huet hien 2023 de Servais-Präis gewonnen. Och de Projet un dem hien zu Scy-Chazelles schaffe wäert, schreift sech an de Genre vum True Crime an. Souvill gouf scho verrooden: et geet ëm e Kriminalfall an engem Lëtzebuerger Duerf ëm 1880. Wann eent vun den zentralen Themen a sengem éischte Buch d'Immigratioun war, da geet et hei ëm d'Emigratioun, also d'Auswandere vu Lëtzebuerger um Enn vum 19te Jorhonnert.
D'Hajar Azell, 1992 zu Rabat am Maroc gebuer, huet bis elo zwee Romaner verëffentlecht: "L'Envers de l'été" (Paris, éditions Gallimard, 2021) an "Le sens de la fuite", (Paris, éditions Gallimard, 2025). Zu Miersch wäert si e Roman ëm eng jonk Fra schreiwen, déi iwwert e gréisstendeels vergiessene marokkanesche Schrëftsteller recherchéiert. Dëse Schrëftsteller, deen un enger realer Persoun inspiréiert ass, war am Maroc vun den 1930er Joren deen éischten dee Bicher op Franséisch geschriwwen huet.
Grenzen, Sprooch an Erënnerung, dat sinn dräi Stéchwierder déi d'Wierk vun der Hajar Azell prägen, allen dräi sinn se awer och relevant fir d'Wierk vum Jérôme Quiqueret.
Bis den 2te Juni hu béid Auteuren Zäit fir hir respektiv Schreif-Projeten virun ze bréngen. Bis déi fäerdeg Romaner an de Butteker leien, dierft et awer nach e bëssen daueren. Enn 2026, oder Ufank 2027 rechent de Jérôme Quiqueret mat der Publikatioun vu sengem nächste Buch. An dat ass nach eng Gemeinsamkeet tëscht der Hajar Azell an dem Jérôme Quiqueret: fir béid Projeten si grëndlech Recherchen néideg. Bleift ze hoffen, dass zu Miersch an zu Scy-Chazelles Inspiratioun an der Loft läit!
Dës Evènementer stinn um Programm:
Soirée de Lecture mat der Hajar Azell am CNL (Mersch), de 7te Mee um 19h30
Rencontres scolaires (Collège Jean Bauchez-France, Lycée technique-Luxembourg), 13 & 22 Mee
Causerie littéraire mam Jérôme Quiqueret, Metz (Agora-Médiathèque), den 19te Mee
Rencontre-lecture mat der Hajar Azell, Librairie Ernster (Luxembourg), den 20ste Mee
Soirée de clôture, entretien littéraire croisé avec les auteurs : Salon hôtel de ville Metz, le 2 juin