
© Joseph Groben
Fir de 400sten Anniversaire vun der Muttergottes-Oktav huet de Joseph Groben sech mat der Marienverehrung beschäftegt.
D'Wuerzelen vun der Marienverehrung zu Lëtzebuerg reechen awer nach vill méi wäit zeréck. Wéi den Auteur am Kapitel iwwer Lëtzebuerg schreift, ginn et Indizien déi dorop hindeiten, dass d'Abtei Altmënster schonn am 11te Jorhonnert der Muttergottes geweit gouf.
A sengem Buch geet de Joseph Groben wäit iwwer d'Grenzen vum Marienland Lëtzebuerg eraus an hëllt de Lieser ënner anerem mat op Lourdes, Fatima oder Tschenstochau.
Hie geet och op déi historesch Entwécklung vun der Marienverehrung an an analyséiert hir Präsenz an der Literatur, der Konscht an der Musek. (Eng CD mat marianesche Kompositiounen an eng 2t CD mam Titel "Consolatrix Afflictorum" läit beim Buch dobäi)
"Marienverehrung"
Joseph Groben
Erauskomm bei: Imprimerie Centrale
ISBN 978-2-87978-263-8
49€