Lëtzebuerger Literatur bei der LUGA

Pressetext vun A:LL Schrëftsteller*innen:

De Lëtzebuerger Verband vun de Schrëftsteller:innen invitéiert (A:LL Schrëftsteller*innen) 
am Kader vun der LUGA dozou, d’Poesie ënnert fräiem Himmel ze erliewen.
D’Landschaft, d’Gäert an d’Stad ginn duerch d’Lupp vun der Poesie gekuckt: Op sechs 
verschiddenen Tier duerch d’Parke vun der Stad Lëtzebuerg liesen jeweils véier Lyriker:innen 
aus hirem Wierk. Am Wiesselspill tëscht Botanik, Urbanistik, Semantik a Klang sinn dës 
poetesch Trëppeltier eng Geleeënheet, net nëmmen d’LUGA aus engem poetesche 
Bléckwénkel ze kucken, mee gläichzäiteg och Lëtzebuerger Schrëftsteller:innen 
kennenzeléieren.
D’Tier daueren ëm 90 Minutten a sinn no Sproochen opgedeelt. 
Et liesen: Ulrike Bail, Serge Basso de March, Fabienne Faust, Tullio Forgiarini, Guy Helminger, 
Nico Helminger, Tom Hengen, Chris Lauer, James Leader, Robbie Martzen, Paul Mathieu, Tom 
Nisse, Jean Portante, Nathalie Ronvaux, Dana Rufolo, Lambert Schlechter, Elise Schmit, Luc 
Spada, Claire Thill, Florent Toniello, Nora Wagener und Robert Weis. 

RTL

Terminer:
17/05/2025 - 10.30 Parc municipal
14/06/2025 - 10.30 Vallée de l’Alzette
12/07/2025 - 17.30 Vallée de la Pétrusse
09/08/2025 - 17.30 Vallée de la Pétrusse
13/09/2025 - 17.30 Vallée de l’Alzette
11/10/2025 - 17.30 Parc municipal