Sonndesinterview mam Isabelle Zigrand"Wat ee bei Bicher am Print verléiert, gewënnt een am Digitalen"

Luc Marteling
Déi 29 Joer al Lëtzebuergerin schafft zu London beim Verlag Simon & Schuster als Client Publishing Manager. Mam Beruff an der Buchbranche goung fir d'Bielesserin en Dram an Erfëllung an un d'Zukunft vun der Literatur gleeft si definitiv.
Isabelle Zigrand: "Ech wollt ëmmer mat Bicher schaffen"
Am Sonndesinterview erkläert déi 29 Joer al Bielesserin, wéi hire Parcours an d’Buchbranche vu London war a wat si als Client Publishing Manager genee mécht.

“Meng Famill a meng Frënn.” Déi géif se scho vermëssen, seet d’Isabelle Zigrand. “An d’Sproochen. Ech vermëssen et, all Dag dräi bis véier verschidde Sproochen ze schwätzen. Dat mécht mer dann ëmmer vill Freed, wann ech heem op Besuch kommen.”

Viru ronn zéng Joer huet sech d’Isabelle Zigrand, Joergang 1996, fir d’Ausland entscheet. An datt et Richtung engleschsproochegt Land géif goen, dat stoung fir d’Bielesserin deen Ament scho méi laang fest. Als Schülerin war d’Isabelle Zigrand awer net just mat Buschtawen, mee och mat Zuele frou: Am Escher Jongelycée huet si nämlech eng Première B gemaach, “op der A war mir net genuch Mathé”, och wann d’Englescht hiert léifste Fach war. Där Leidenschaft huet si sech dunn op der Uni higinn: Am schottesche Glasgow gouf englesch Literatur a Geschicht studéiert. “Ech hu schonn als Kand ëmmer vill gelies, well meng Eltere vill gelies hunn, an dat huet ni nogelooss”. Datt d’Literatur an déi englesch Sprooch awer méi wiere wéi “just” eng Fräizäitbeschäftegung, ass ëmmer méi kloer ginn.

Nach mam Master am Gaangen a scho fulltime geschafft

Am Kader vum Studium zu Glasgow war d’Isabelle Zigrand och ee Joer op der University of North Carolina an den USA ageschriwwen. Wéi et no véier Joer den Undergraduate Master gouf, war awer nach net Schluss, well vu Schottland goung et dunn erof an England an zu Oxford-Brookes gouf nach e Master am Fach Publishing drugehaangen. Dat wier méi eng praktesch Uni gewiescht – wéi praktesch, dat huet d’Isabelle Zigrand séier gemierkt, well parallel zu hirer Ofschlossaarbecht huet si schonn ugefaangen, an der Buchbranche ze schaffen: Vollzäit an net beim mannste Verlag, nämlech bei Oxford University Press (OUP), deen eleng an England 2.000 Leit Personal huet, weltwäit esouguer op eng 6.000 Mataarbechter a Mataarbechterinne kënnt. “Ech hunn am Rights Department geschafft, fir d’éischt als Assistent, dono als Senior Rights Assistent an um Schluss als Rights Executiv.”

En Award vum Verlag Oxford University Press: Am September 2024 gouf d'Isabelle Zigrand fir hir gutt Aarbecht ausgezeechent.
En Award vum Verlag Oxford University Press: Am September 2024 gouf d’Isabelle Zigrand fir hir gutt Aarbecht ausgezeechent.
© Privat

Am Juli 2021 hat d’Lëtzebuergerin bei OUP ugefaangen. Besonnesch am Ufank wier et éischter eng administrativ Aarbecht gewiescht: Kontrakter opsetzen, Ënnerschrëfte sammelen, Rechnungen a Rapporte maachen, zum Beispill fir ze kucken, wéi profitabel eenzel Wierker an Aktioune waren. Och Presentatioune fir Buchvirstellungen hätten zu hire Missioune gehéiert. No an no hätt si awer ëmmer méi Verantwortung kritt, hätt dann och kënnen direkt mat Clientë schwätzen an déi betreien, also hinne Bicher fir Iwwersetzunge proposéieren. An där Zäit huet d’Isabelle Zigrand och mat auslännesche Verlagshaiser, dorënner der och aus hirer aler Heemecht, zesummegeschafft.

Trotz de Promotiounen huet d’Isabelle Zigrand am Juni 2025 den Job gewiesselt: Vun Oxford goung et op London, bei de Verlag Simon & Schuster mat Standbeen an England, an den USA an an Australien. Wunne bliwwen ass d’Lëtzebuergerin awer zu Reading (ausgeschwat Redding), tëscht London an Oxford, wou se mat hirem englesche Partner, dee se op der Uni kenne geléiert huet, lieft a vun de kuerzen Distanze profitéiert.

Wéi kréien ech e Buch an d’Vente?

Client Publishing Manager wier hiren Titel bei Simon & Schuster an hiert Team, an deem just véier Leit sinn, géif de Sales and Distribution Service vun S&S fir aner, méi kleng Verläg assuréieren: “Mir verkafen deenen hir Bicher an England, dorënner vill amerikanesch Verläg. Mir bréngen hir Bicher eriwwer an eist Warehouse an eist Sales Team geet dann domat an d’Librairien, bei Amazon, an d’Supermarchéen, fir datt se do verkaaft ginn.”

Simon & Schuster verdreift also eege Bicher an och friemer: “Ech selwer verkafen awer net méi, ech manage Konten, also Accounts, schwätze mam Team, geréieren de Stock, iwwerblécken dat Ganzt op strateegescher Säit, kucken zum Beispill, wie gutt Bicher, déi sech awer net entspriechend verkafen, a sengem Sortiment huet an da proposéieren ech eng Zesummenaarbecht.”

Dat wier schonn en aneren Job wéi bei Oxford University Press a Simon & Schuster wier mat “just” 200 Leit zéng Mol méi kleng wéi OUP, trotzdeem géif een am Verlagswiesen zu de Big 5 an England gehéieren, allerdéngs mat engem gréisseren Ecart op d’Nummer 4 a beim Market Share léich een am Fong op Plaz 6. Trotzdeem huet d’Isabelle Zigrand hire Wiessel bis elo net bereit: “An England wiesselen d’Leit hiren Job vill méi dacks, fir an der Karriär virunzekommen. An zu Oxford war et keng Optioun, trotz de Promotiounen, fir Manager ze ginn.” Ausserdeem wier London einfach topp: “Kulturell gefält et mer mega, et ass wierklech eng Freed, hei ze schaffen. Am Publishing schaffe vill Fraen, jiddereen ass oppen, frëndlech, motivéiert, léif.” Well d’Leit manner direkt wieren, géif ee sech awer heiansdo froen, wéi éierlech hir ostentativ Héiflechkeet wier, mee dat wier awer kee Problem.

“Wier ech elo op Première, géif ech mech wuel net méi fir Groussbritannien entscheeden.”
Isabelle Zigrand

Politesch ass d’Isabelle Zigrand den Ament awer net honnertprozenteg iwwerzeegt: D’Partei ReformUK mat hire rietsen Usiichten hätt grad vill Réckewand. A wat de Brexit ugeet, do hätt si als Studentin nach Chance gehat: “2016 gouf dee jo gestëmmt, ma et huet véier Joer gedauert, en ëmzesetzen. Als Europäerin duerft ech an där Zäit nach gratis a Schottland studéieren, elo geet dat net méi.” D’Finanzen hätten hire Choix scho beaflosst, d’Isabelle Zigrand huet nach dräi méi al Bridder, a fir international Studente wier alles vill méi deier ginn. A vill méi komplizéiert: “Well ech scho virum Brexit an England war, duerft ech bleiwen. Wier ech awer elo op Première, géif ech mech wuel net méi fir Groussbritannien entscheeden.”

“D’Leit liese manner variéiert”

Hire Choix fir d’Literatur huet d’Isabelle Zigrand awer bis elo net bedauert. An trotz de sëllegen Defie fir d’Buchbranche, gehéiert si zu den erfrëschend optimistesche Stëmmen. “An England ass de Bichermaart nach ëmmer staark. Et geet zwar all Joer ëm een, zwee Prozent erof, mee dat gëtt kompenséiert duerch Präissteigerungen, esou datt de Maart seng Valeur behält.” An alles géif definitiv vill méi digital ginn, wat d’Isabelle Zigrand awer net direkt als Menace gesäit: “Zum Beispill d’Hörbicher. Wat do geschitt, ass immens cool. Geschwë kann ee wiesselen tëscht liesen a lauschteren an d’Geräter wëssen automatesch, wou ee grad drun ass.” Och Booktok, eng Zort Tiktok fir Buch-Influencer, léich grad am Trend. “E puer Bicher ginn immens Bestseller, déi aner Bicher verkafe sech awer deemno wéi manner gutt. D’Leit liese manner variéiert: Mir hunn immens gutt Bicher, déi sech net gutt verkafen, anerer wëll jidderee liesen, well se berüümt gi sinn.” Fir d’Managerin aus dem Grand-Duché gëllt awer: “Wat een am Print verléiert, gewënnt een am Digitalen zeréck.”

Am Gespréich mat enger Cliente: D'Isabelle Zigrand 2025 op der Kannerbuchfoire zu Bologna.
Am Gespréich mat enger Cliente: D’Isabelle Zigrand 2025 op der Kannerbuchfoire zu Bologna.
© OUP

Fir de Bols vum Literaturbetrib ze fillen, war d’Isabelle Zigrand nach d’lescht Woch op der London Book Fair, enger Foire fir déi Professionell aus der Branche. Fréier war si méi dacks op esou Rendez-vousen, op der Frankfurter Buchmesse an der Bologna Children’s Book Fair oder op Geschäftsrees a Portugal oder esouguer an d’Mongolei, well si awer elo net méi direkt mat Clientë géif schaffen, wieren esou Deplacementer aktuell awer éischter seelen – wa se net grad virun der Hausdier sinn, wéi eeben elo London.

Am August 2024 war d'Isabelle Zigrand op Aarbechtsrees an d'Mongolei, hei an enger Bibliothéik mat Kannerbicher.
Am August 2024 war d’Isabelle Zigrand op Aarbechtsrees an d’Mongolei, hei an enger Bibliothéik mat Kannerbicher.
© Privat

“Ech wollt ëmmer mat Bicher schaffen”, seet d’Isabelle Zigrand. Si ass sech bewosst, datt et en immens kompetitiivt Feld ass, dofir ass si bis haut frou, datt si nach iwwer dem Studium bannent nëmmen zwee Méint dora konnt Fouss faassen. “Ech wollt ëmmer am Verlagswiese schaffen.” A si gleeft un d’Zukunft vun der Literatur: “D’Léift zu Bicher ass definitiv nach ëmmer ganz staark iwwerall.”

“D’Léift zu Bicher ass definitiv nach ëmmer ganz staark iwwerall.”
Isabelle Zigrand

Ob Liblingsbicher ugeschwat, ass d’Buchmanagerin granz pragmatesch: Dat géif ëmmer ganz vill variéieren, well dat géif ëmmer vun der Laun ofhänken. Grouss gi wier si natierlech och mam Harry Potter an e Faibel fir Fantasy géif et bis haut ginn. Si wier awer och frou mat moderne Bicher, mat neie Bicher an esou eent wier aktuell eent vun hire Favoritten: “Under Water vum Tara Menon huet mer supergutt gefall, ech hat et gelies, éier et offiziell erauskomm ass.”

Englesch beherrscht d’Isabelle Zigrand antëscht wéi hir Mammesprooch an England wier och eppes wéi eng nei Heemecht ginn, och wa Lëtzebuerg ëmmer déi éischt bleift: “Ech hunn definitiv zwou Heemechten. Aktuell ass England meng Heemecht a vu Joer zu Joer e bësse méi, mee wann ech op Lëtzebuerg kommen, fillt sech dat och ëmmer wéi doheem un.” Eng véier Mol d’Joer géif se Famill a Frënn besiche kommen, an och d’Walfer Bicherdeeg, wann et zäitlech passt. An heiansdo géifen hir Frënn se stëppelen, an hiert Lëtzebuergesch hätt sech schonn e klengen engleschen Accent ageschlach ... Trotzdeem géif si et genéissen, zu Lëtzebuerg vill verschidde Sproochen an engem Dag kënnen ze schwätzen. En definitive Retour wier aktuell awer keen Thema, och well de Frënd just Englesch schwätzt.

Eng kontaktfräi Variant mat gemëschten Ekippen: D'Isabelle Zigrand beim Tag-Rugby-Spillen.
Eng kontaktfräi Variant mat gemëschten Ekippen: D’Isabelle Zigrand beim Tag-Rugby-Spillen.
© Privat

An hirer aktueller Heemecht huet d’Isabelle Zigrand och ugefaangen, Tag Rugby ze spillen, eng kontaktfräi a Mixed-Gender-Variant vum Rugby. A jidderengem, deen op London kënnt, recommandéiert si – als grousse Musicalfan – eng Show am Westend an, wéi kéint et anescht sinn, een an e Pub huelen ze goen. Dat géif och zur Kultur gehéieren ...

Back to Top
CIM LOGO