© Bea Kneip/RTL
Am Interview erkläert den Yves Sibenaler d'Konzept vun der Université Populaire Luxembourg, kuerz: Unipop
E ass keng klassesch Universitéit an et brauch ee kee Premières-Diplom fir sech anzeschreiwen. D’Unipop ass do fir jiddereen!
Et gi Coursen an alle Beräicher ugebueden, vu Wellness iwwer Artisanat bis hin zu Film a Geschicht.
v.l.n.r. d'Estelle, d'Bookliness an de 100Suns hu mat der Hëllef vun der Unipop eng BD erausbruecht / © Bea Kneip/RTL
D’Unipop war mat engem Stand op de Walfer Bicherdeeg präsent, an dat ass keen Zoufall, well och an de Beräicher Literatur oder Bande Dessinée gi Formatiounen ugebueden. Dobäi ass zum Beispill eng BD erauskomm, an der dräi jonk Leit, déi ënnert de Pseudonymer «Estelle», «Bookliness» a «100Suns» schaffen, hir Kreativitéit als Zeechner an Zeenaristen konnten zu Pabeier bréngen.
Méi doriwwer am Interview mam Yves Sibenaler vun der Unipop a mat de jonke BD-Artisten:
Weider Informatiounen fënnt een op www.unipop.lu
