© SCRIPT
De siwente Band an der Serie „Allerhand“ presentéiert bekannt a manner bekannt Déierefabelen an aner Texter, an deenen Déieren als Personnagë virkommen.
Pressetext vum SCRIPT:
Déierefabele waren an der Lëtzebuerger Literatur vum 19. Joerhonnert immens beléift. Verschidde „Vulleparlamenter“ zanter dem Dicks sengem berüümte Spottgedicht weisen, datt d’Déieremasken och spéider nach gäre gebraucht goufen, fir bësseg Commentairen iwwert d’Politik ënnert d’Leit ze bréngen.
De siwente Band an der Serie „Allerhand“ presentéiert bekannt a manner bekannt Déierefabelen an aner Texter, an deenen Déieren als Personnagë virkommen, aus der Literatur op Lëtzebuergesch. Dorënner si Klassiker vun der Lëtzebuerger Kannerliteratur wéi dem Dicks säin De Wëllefchen an de Fiisschen oder dem Auguste Liesch seng Maus Ketti, mee och manner bekannt Fabelen wéi D’Beicht vun der Maus vum Antoine Meyer, dem éischte grousse Pionéier vun der Literatur op Lëtzebuergesch. E besonnesche Fokus läit op Texter, déi d’Déieremaske benotzen, fir politesch a gesellschaftskritesch Aussoen op eng prägnant Manéier ze formuléieren. Dozou gehéiert net nëmmen D’Vulleparlament am Gréngewald, ma och déi bësseg Satir D’Märche vum Kuckucksee, mat där sech d’Maisy Mongenast-Servais 1919 fir d’Enn vun der Monarchie an d’Aféierung vun der Republik ausgeschwat huet.
D’Auswiel weist, datt déi Lëtzebuerger Déierefabel en änleche Wee gaangen ass wéi d’Déierefabel an anere Literaturen: Si ass eng Zäit laang net just eng literaresch Form, déi moralesch Wäerter reflektéiert, mee och e beléift Instrument, fir op aktuell Situatiounen ze reagéieren – bis se an d’Kannerliteratur an an d’Satir verschwënnt. Vläicht net fir ëmmer.
Bei all Text stinn als Hëllef Wuert- a Sacherklärungen. En Essay iwwert d’Lëtzebuerger Déierefabel zum Schluss vum Buch beschreift d’Auswiel vun den Texter an hirem literaturgeschichtlechen, gesellschaftlechen an historesche Kontext.
Mat Texter vun: Antoine Meyer, Dicks, Michel Lentz, Nicolas-Édouard Becker, Marguerite Mongenast-Servais, Eugène Forman, Auguste Liesch, Georges Schmitt a Pol Pütz
Literatur op Lëtzebuergesch fir d’Schoul
„Allerhand“ ass eng Serie am prakteschen Täschebuchformat vu literaresche Wierker op Lëtzebuergesch. De SCRIPT gëtt se zanter 2022 eraus.
D’Bicher si fir de Gebrauch an der Schoul konzipéiert, wou Lëtzebuergesch op der 4e enseignéiert gëtt. Wuerterklärungen hëllefen, d’Sprooch an d’Hannergrënn vum Text besser ze verstoen. An all Buch bitt en Essay iwwert d’Wierk Piste fir d’Interpretatioun. D’Haapttexter gi mat Hëllef vum ZLS der aktueller Schreifweis ugepasst.
Fir d’Lecture an der Schoul ze erliichteren, stellt de SCRIPT dem Léierpersonal elo scho verschidde pedagogesch Dossieren op der Plattform heydoo.lu zur Verfügung. Aner Dossiere sinn nach an der Maach. Si gi vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat Enseignanten ausgeschafft, déi d’Fach Lëtzebuergesch am Secondaire enseignéieren.
© Jonathan Steelandt / Studio Michel Welfringer
Bicher, déi sech net verstoppen
„Allerhand“ – dat si Bicher, déi och optesch erausstiechen. Fir d’Gestaltung vun der Serie ass de bekannte Graphiker Michel Welfringer mat sengem Studio zoustänneg. De markanten Design gouf an der Fachpress gelueft a konnt scho verschidden Design-Jurye beandrocken.
Charakteristesch fir d’Serie sinn déi knalleg Faarwen an e Buchdeckel, dee mat ronne Lächer perforéiert ass. De besonnesch liichte Pabeier an dat praktescht Täschebuchformat maachen d’Bicher zu perfekte Begleeder fir an de Rucksak.
2024 European Design Award SILVER an der Kategorie „Book Cover – Series“
2025 Luxembourg Design Award GOLD an der Kategorie „Print Design“
"Déierefabelen"
Aus der Serie "Allerhand"
ISBN 978-2-49673-081-4
12,50 €
