© Atelier Kannerbuch
Eng Geschicht fir kleng Schnoffelnuese vun 3 Joer un.Vum Julia Donaldson,Illustréiert vum Sara Ogilvie.Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel
Pressetext vun Atelier Kannerbuch:
Am Spueresichen ass et gutt,
d’Nell, den Detektive-Mupp!
Problemer gouf et keng fir dësen Hond,
schnoffel, schniffel, schnüffelchen,
hatt huet ëmmer Léisunge fonnt!
E Rätsel, eng Ongereimtheet, e Mystère,
d’Nell knackt alles – a jiddwereen huet et gär!
Schnoffel, schniffel, schnüffelchen – geschwë gi mer et gewuer,
d’Nell den Detektive-Mupp – all Geheimnis op der Spuer!
© Atelier Kannerbuch
"D'Schnoffelnues Nell"
Eng Geschicht fir kleng Schnoffelnuese vun 3 Joer un.
ISBN: 978-2-919817-42-9
Geschriwwe vum Julia Donaldson
Illustréiert vum Sara Ogilvie
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel
Erauskomm bei Atelier Kannerbuch
Billerbuch, 32 Säiten
21€
