Live aus der Abtei Neimënster: Den Abdulrazak Gurnah ënnerhält sech mat der Nathalie Jacoby iwwer säin neie Roman "Diebstahl"

Scho fir d'véierte Kéier gëtt "Das Blaue Sofa" zu Lëtzebuerg opgestallt. An dës Kéier mat engem ganz illustren Invité: Den Abdulrazak Gurnah, 1948 am Sultanat Sansibar gebuer, krut 2021 de Literatur-Nobelpräis. Säi Wierk ëmfaasst 11 Romaner, an deenen hie sech gréisstendeels mam Kolonialismus a senge Konsequenze beschäftegt. Wéi hien 2021 den Nobelpräis zouerkannt krut, waren zwar schonn e puer vu senge Wierker op Däitsch iwwersat, allerdéngs ware se scho vergraff. Si goufen dann natierlech awer nei opgeluecht. Zu senge bekanntste Bicher gehéieren "Das verlorene Paradies" (Paradise, 1994) an "Ferne Gestade" (By the Sea, 2001).

Den Abdulrazak Gurnah ass e Geschichtenerzieler, hie weess wéi een seng Lieser bei der Staang hält. Seng Bicher si literaresch Meeschterwierker, gläichzäiteg loosse se sech agreabel liesen.
Wann Dir wëllt mat dobäi sinn, kënnt Dir Iech iwwer de Site www.ipw.lu nach umellen, et sinn och nach e puer Plazen an der Oweskeess disponibel. Nom Gespréich (an englescher Sprooch) wäert den Abdulrazak Gurnah seng Bicher signéieren, et ass also eng eemooleg Geléeënheet fir eng Dédicace vun engem Nobelpräis-Gewënner ze kréien!

Op RTL.lu an um RTL Play kënnt Dir "Das Blaue Sofa" vun 19 Auer un am Livestream (an englescher Sprooch) suivéieren.