Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser, déi virun 80 Joer ugefaangen hunn.
Mat senger Berlin-Trilogie ("Die fremde Spionin", "Das zweite Geheimnis" an "Der letzte Auftrag") huet sech den Auteur, deen 1977 zu Leipzig gebuer gouf, en Numm gemaach. An dëse Spionage-Thrillere kommen och real Figuren, wéi den Erich Honecker, de Willy Brandt oder de Wladimir Putin vir. Grad esou wéi a sengem neiste Roman "Die Dolmetscherin" deen deelweis zu Munneref spillt.
Am Virfeld vun den Nürnberger Prozesser goufen héichrangeg Nazi-Krichsverbriecher wéi zum Beispill den Hermann Göring 1945 am Munnerefer Palace-Hôtel festgehalen a verhéiert. An dësem "Camp Ashcan" (wiertlech iwwersat "Camp Dreckseemer", sou gouf et deemools genannt) kënnt eng jonk Fra un, déi als Dolmetscherin mat den amerikaneschen Ermëttler zesummeschaffe soll. Mä d'Asta huet e Geheimnis...
Den 20.November 2025 waren et genee 80 Joer zënter dem Ufank vun den Nürnberger Prozesser. Am Interview erzielt den Titus Müller ënner anerem wat hien dozou beweegt huet, fir dës historesch Evenementer a sengem Roman ze verschaffen.
"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller ass am Heyne Verlag erauskomm.
