
"D'Tilly" vum Tom Decker an d'Josiane Kartheiser freet: "Gess de mat?"
Faarweg, faszinant an op Lëtzebuergesch: Mat de Geschichte vum Tom Decker a vum Josiane Kartheiser klëmmt d'Zuel vun de Smart-Bicher op 10, domat ass d'Serie an der Halschent ukomm, well et sollen eemol 20 där faarweg Bichelcher ginn.
„D'Tilly“ vum Tom Decker (Smart 09)
All Sonndegmëtteg féiert de Student Max de Pensionnaire Gast vu Käl op Konsdref – op Besuch bei d’Tilly. Fir deen ee bedeiten d’Kilometeren en anstännegt Täschegeld, fir deen aneren ass et den direkte Wee bei de wichtegste Mënsch a sengem Liewen. Den Tom Decker beschreift a senger éischter Publikatioun eng Léift am Conditionnel.
„Gees de mat?“ vum Josiane Kartheiser (Smart 10)
Eng éiergäizeg Fra an en emanzipéierte Mann, dat misst dach klappen. Mä wat ass mat Singapur? Wat geschitt, wann dee Schiet, iwwert deen ee sprange misst, méi grouss ass wéi erwaart? „Gees de mat?“, freet dofir d'Josiane Kartheiser an hirem flott geschriwwenen, multi-empatheschen Traktat voller Perspektiv-Wiessel.

Esou verschidde wéi d'Faarwe vun de Smart-Bicher sinn, esou verschidde sinn och hir Geschichten: Keng ass mat enger anerer ze vergläichen. Gemeinsam hu se just, datt se kuerz sinn, datt se intensiv sinn an datt se de Lieser direkt paken. A praktesch a präiswäert si se och: De Format wéi e Smartphone ass eppes fir all Täsch an de Präis vun net emol 3 Euro eppes fir all Portmonni. Mat der Serie „Smart Kremart by Kremart Edition“ wëll de Verlag Kremart eppes fir d'Lëtzebuerger Sprooch maachen, Auteuren eng modern Plattform bidden an d’Leit animéieren, Lëtzebuergesch ze liesen.
An der Serie »Smart Kremart« sinn also bis elo erauskomm:
- 1) Christiane Kremer: De Wierdermoler (ISBN 978-99959-830-1-7)
- 2) Claude Schiltz: De Schnéihues (ISBN 978-99959-830-2-4)
- 3) Vesna Andonovic: Zëmmer Nummer fënnef (ISBN 978-99959-830-3-1)
- 4) Diane Neises: Weidermerciäddinächsten (ISBN 978-99959-830-4-8)
- 5) Julie Vinandy-Schmit: Magnificat (ISBN 978-99959-39-01-4)
- 6) Alain Atten: D'Kuebennascht (ISBN 978-99959-39-02-1)
- 7) Yorick Schmit: Paenitentia (ISBN 978-99959-39-03-8)
- 8) Luc Marteling: iPremier (ISBN 978-99959-39-04-5)
- 9) Tom Decker: D’Tilly (ISBN 978-99959-39-09-0)
- 10) Josiane Kartheiser: Gees de mat? (ISBN 978-99959-39-10-6)
De Präis pro Bichelchen am Mini-Format vun 8,5 x 14 cm a mat 36 Säite läit nach ëmmer bei sensationellen 2,99 Euro!
D'Smart-Bicher ginn ënnerstëtzt vum Fonds culturel national (Focuna). Gehollef hunn och: Drees & Sommer, Luxport, OST manufaktur, Skycom Telematics Systems, Cogeco, Mim Feitler Immobilière an Home Interiors Vandenberg. Merci!