
De José Dalisay op der Frankfurter Buchmesse 2024 / © Bea Kneip/RTL
D'Frankfurter Buchmesse 2025 fänkt e Mëttwoch, de 15. Oktober un a geet bis e Sonndeg, den 19. Oktober. Gaaschtland sinn dëst Joer d'Philippinnen.
"Fantasie beseelt die Luft" (Imagination peoples the air). Ënnert dësem Motto präsentéiert sech den asiateschen Inselstaat an dësem Joer op der weltwäit gréisster Bicherfoire. Dat Land, dat aus iwwer 7.000 Insele besteet an an dem eng 170 verschidde Sprooche geschwat ginn, huet och eng ausgesprachen interessant an divers Literatur ze bidden.
De José Dalisay, Joergang 1954, ass ee vun de bekanntste philippinnesche Schrëftsteller. Hien ass Professer (Emeritus) fir englesch Literatur un der Universitéit vun de Philippinnen an huet och laang Zäit an den USA, England an Italien gelieft. Vu sengen iwwer 30 Bicher goufen der rezent zwee op Däitsch iwwersat: "Killing Time in a Warm Place" (Originalausgab 1992) an deem hien d'Zäit vun der Marcos-Diktatur literaresch verschafft. An "Last Call Manila" (Titel vun der englescher Originalausgab: "Soledad's Sister").
Am Interview erzielt hie vu sengen Erënnerungen un de Regime vum Ferdinand Marcos, dee vun 1965 bis 1986 Präsident vun de Philippinne war an d'Land an eng Diktatur gefouert huet, awer och wat hie sech fir d'Zukunft vu sengem Land erhofft.
Dësen Interview gouf am Oktober 2024 op der Frankfurter Buchmesse opgezeechent.
Wéi hutt Dir d'Joren ënnert dem Ferdinand Marcos erlieft?
José Dalisay: "Jo, wësst der, d’Marcos-Joren hu gutt ugefaangen. Wéi hie Präsident gouf, war hie jonk, frësch an idealistesch. Eréischt méi spéit ass aus senger Präsidentschaft eppes ginn, wat méi däischter a méi ominéis war. Ech mengen, op eng gewëss Manéier war et d’Gier no Suen a Muecht, déi hien dozou bruecht huet fir d’Krichsrecht auszeruffen an domat sinn d’Philipinnen an eng laang an déif politesch Depressioun ofgerutscht. Eppes wat hell a wonnerbar ugefaangen hat, ass eng Zäit vun Däischtert an Terror ginn, an dat während méi wéi 15 Joer. De Marcos ass 1965 fir d’éischt un d’Muecht komm, an et war eréischt 1986 wou e forcéiert gouf d’Philipinnen ze verloossen, dat heescht mir hu misste méi wéi 20 Joer mam Marcos senger Herrschaft eens ginn."
Dir gouft deemools an de Prisong gehäit?
José Dalisay: "Jo, 1973 war ech fir méi wéi 7 Méint am Prisong. Ech war 18 Joer al, wéi ech an de Prisong koum, an et waren nach vill aner Prisonéier do, vun deenen der vill manner Chance hate wéi ech well se méi laang do waren. Et war eng Zäit, an där et Masseverhaftunge gouf an et gouf keng Haftbefeeler. Wann ee verdächtegt gouf, ass een am Prisong gelant an et ass een heiansdo och gefoltert ginn. Et war also eng ganz onsécher Zäit. Mir wossten net ob mir iwwerliewe géifen. Mä natierlech war eis Erfarung guer net esou ongewéinlech, et war eng Epoch, an där et op ville Plazen op der Welt Ënnerdréckung gouf, am Chile, an Argentinien.... A mir haten d’Gefill, dass mir och en Deel vun engem globale Resistenz-Mouvement géint de Faschismus an d’Diktatur wieren."
1986 huet de Ferdinand Marcos missten d'Philippinne verloossen. Huet sech deemools eppes geännert? A wéi ass d'Situatioun haut?
José Dalisay: "1986 huet et sech ugefillt, wéi wann eng däischter Wollek verschwonne wier. Wéi de Marcos forcéiert war, fir an d’USA an den Exil ze goen, duechte mir, et wier en Neiufank fir eis an eng Zäit laang gouf et eng richteg Euphorie a vill Hoffnung. D’Cory Aquino war eng ganz beléifte Präsidentin. Mat de Joren hu mir allerdéngs entdeckt, dass et keng echt Revolutioun war, mä villméi eng Revolt, déi vun der Upper- a Mëttelklass gesteiert gouf. Am Fong war et just en aneren Deel vun der Elite, deen d’Rudder iwwerholl huet, ouni dass et am Rescht vun der Gesellschaft zu engem echte Changement komm wier. An deemno hu mir eis weiderhi mat deene selwechte Problemer missten auserneesetze wéi zu Zäite vum Marcos. A well déi Präsidenten, déi nom Cory Aquino koumen, ëmmer méi zu der aler Gard gehéiert hunn, si mir nees dohinner gesteiert wou mir hierkomm ware bis – an dat war bal scho logesch – dem Marcos säi Jong nees un d’Muecht koum. An esou, fofzeg Joer nodeems mir de Marcos bekämpft hunn, ass säi Jong elo zeréck, an dat ass ironesch."

Liesung mam José Dalisay a sengem däitschen Iwwersetzer Niko Fröba op der Frankfurter Buchmesse 2024 / © Bea Kneip/RTL
Dir hutt Äert Buch "Killing Time in a warm Place" no der Chute vum Marcos-Regime geschriwwen. Fir déi däitsch Iwwersetzung, déi 2024 erauskomm ass, hutt Dir en Epilog geschriwwen, an deem Dir iwwer Är Gefiller 40 Joer duerno schwätzt?
José Dalisay: "Jo, an deem Epilog drécken ech meng Betraffenheet doriwwer aus, dass – net nëmmen op de Philippinnen, mä iwwerall op der Welt, och hei an Däitschland – déi Kräfte vun der Ënnerdréckung, vun deene mir geduecht haten, dass mir se am spéiden 20. Joerhonnert ausgeschalt hätten, nees un d’Muecht kommen oder schonn nees un der Muecht sinn. Dat ass ganz traureg a ganz beonrouegend. Mir hate geduecht, dass mir am 21. Joerhonnert eng Welt vu Fräiheet a Gerechtegkeet hätten, an op vill Manéieren ass et grad de Géigendeel dovun."
Hutt Dir Hoffnung fir d'Zukunft?
José Dalisay: "Jo, déi hunn ech! Trotz all deem, wat grad geschitt, ech mengen, dass déi jonk Generatioun iwwerall op der Welt sech es vill méi bewosst ass. Ech mengen, dank dem Internet, wat natierlech Vir- an Nodeeler huet. Natierlech ass et eng Quell vu Fake News a Ligen, awer zur selwechter Zäit ass et ëmmer nach e Medium, an deem ee seng Meenung fräi ausdrécke kann. Ech vertrauen dorop, dass déi jonk Leit verstinn, dass si fir hir Fräiheet kämpfe mussen, wa si eng besser Zukunft wëllen. An deemno hoffen ech op den natierleche Wonsch, deen d’Mënschen hu fir fräi ze sinn an an enger fairer a gerechter Welt ze liewen.
Dem José Dalisay seng Bicher "Killing Time in a Warm Place" a "Last Call Manila" sinn an der däitscher Iwwersetzung am Transit Verlag erauskomm.