Am Kader vun der Luxembourg Art Week gouf d'Buch "Piccolo Mondo" vum Josée Hansen virgestallt.

D'Journalistin vum "land" beschäftegt sech do mat der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg a mécht quasi eng intern Analys iwwer 1 Joer. Et ass der Josée Hansen drëm gaangen, e Buch ze maachen, iwwer dat, wat si als Journalistin am Beräich vun der zäitgenëssescher zu Lëtzebuerg iwwer 20 Joer erlieft huet.

AUDIO: "Piccolo mondo": D'Josée Hansen am "10 bis 1"

Am éischten Deel begleet si de Lëtzebuerger Bäitrag 2015 fir d'Biennale vu Venedeg. Et fänkt u mat der Decisioun, datt de Projet vum Kënschtler Filip Markiewicz "Paradiso Lussemburgo" zeréckbehale ginn ass, iwwer de Vernissage am Mee bis bei e Genre Bilan am August 2015.

Am zweeten Deel presentéiert d'Josée Hansen Portraite vu 4 Lëtzebuerger Kënschtler - Bert Theis, Simone Decker, Su-Mei Tse, Antoine Prum - an 2 Kënschtlerkoppelen: Gast Bouschet an Nadine Hilbert genee sou wéi Martine Feipel a Jean Bechameil.

Den drëtten Deel ass méi eng kritesch Ausernanersetzung mat der Konschtwelt zu Lëtzebuerg.

"Piccolo Mondo" huet 352 Säiten, kascht 29 Euro an ass bei den Editions d'Lëtzebuerger Land & Artcontemporain.lu asbl. erauskomm.