Den Henri Losch kennt ee vun senger Aarbecht am Theater- an am Filmberäich, de pensionéierten Schoulmeeschter och Auteur vun enger ganzer Réi Bicher

Dorënner "E Bouf erzielt" an "Koppeges a Bosseges. E Schoulmeeschter erzielt". Den 3. Deel vun dëser Serie koum zejoert raus an erzielt vun engem dach éischter onbekannten Deel vum Liewen vum Henri Losch.

Op ronn 360 Säiten hellt den Henri Losch een mat op eng Rees duerch eng ganz Partie Länner, ma an engems och duerch d'Zäit. Ugefaang huet alles schonn am Spillschoulsalter, mir schreiwen d'Joer 1935. No e puer klenge Reesen bei Familljememberen ass et dunn awer endlech méi wäit higaange. D'Rennscheier erënnert sech nach gutt un d'Italierees mat de Studenten.

D'Euphorie déi den Henri Losch haut nach beim erzielen verbreet, fënnt een och sou an sengem Buch erëm. Op ënnerhalend Manéier gëtt een an d'Kulissen vun europäeschen Stied gezunn an d'huet een dacks d'Gefill mat op der Platz ze sinn. Ufangs waren dëst nach Reesen mat der Famill, wou hien schonn d'Roll vum Organisateur an Guide gespillt huet. Als Familljeguide seet den Henri Losch awer haut wier en immens schlecht preparéiert gewiescht. D'Stréck ass erausgesicht ginn an du goung et lass - a Spuenien, Schweden, Belge, Frankräich, Italien, an Jugoslawien. Ma d'ass awer net bei den Famillienreese bliwwen.

De Guide huet sech et awer och net huele gelooss dem Lieser puer Reegelen mat ze ginn wéi sou eng Rees e Succès kann ginn. Den 8. Punkt vun dëser Opzielung passt dann och relativ gutt ob d'Erzielung am Buch selwer. "Beileiwe keen dréchene  Exposé presentéieren.
Ëmmer e bësse spaasseg, mat pikante Randbemierkungen, an net ze vergiessen vun Zäit zu Zäit eng Anekdot oder e Witz opdëschen" d'géing een bal mengen den Henri Losch hätt sech dëst och zu Häerz geholl beim schreiwen vun der "Rennscheier", well dréchen ass dësen "Exposé" kengeswees. Faszinant ass dobäi virun allem wéi detailléiert den Henri Losch vun dësen Reesen erzielt.

Nieft den Länner déi een zesummen mam Auteur ob en neits bereest huet hien an den Joeren awer och vill Bekanntschaften ob de Reesen gemat, déi zu Frëndschaften gi sinn. Am 2. Deel vum Buch geet een dann och gewuer wéi et zu der Zesummenaarbecht mat Sales Lenz koum an domat dann och wéi d'Rennschéier zum professionellen Guide ginn ass. An enger Zäitspan vun ronn 55 Joer gëtt een also sou munches vum Auteur senger ufanks Passioun bis hin zu Professionaliséierung vum Reesen gewuer.

No dësem 3. Deel vum Henri Losch sengen Erzielungen, konnt en mer awer verroden datt et net déi läscht Geschicht ass déi en ze erzielen huet, datt et nach eng aner Säit gëtt vun eppes wat en och aussergewéinlech gär gemaach huet. Mir däerfen also gespaant bleiwen an weien Deel vun sengem Liewen en eis fir d'nächst mathëlt.

"D'Rennscheier - e Guide erzielt" ass bei Editions Guy Binsfeld erauskomm.