"Deliver me from nowhere" vum Scott Cooper
DELIVER ME FROM NOWHERE ass e Film iwwert de Bruce Springsteen, ma et ass dofir awer nach laang keen traditionelle Biopic.
Mat sengem éischte Film mam Titel CRAZY HEART am Joer 2009 huet de Realisateur a fréiere Schauspiller Scott Cooper en Hommage un d'Country-Musek realiséiert. 16 Joer méi spéit, daucht de Cooper an d’Liewe vun enger Rock Legend an. DELIVER ME FROM NOWHERE ass e Film iwwert de Bruce Springsteen, ma et ass dofir awer nach laang keen traditionelle Biopic.
Am Joer 1981, knapp no enger laanger Tour, wëll de Bruce Springsteen, dee sech ëmmer total op der Bün verausgaabt just eppes, an zwar seng Rou. THE BOSS ass midd a wëll a senger klenger Heemechtsstad am New Jersey, eleng un engem neien Album schaffen. En Album, deen zu enger Selbstintrospektioun gëtt an d’Geeschter vun der Vergaangenheet soll exorziséieren, ma dee guer net dat ass, wat säi Label vun him erwaart. Mat der Ënnerstëtzung vu sengem Manager wäert no vill Péng an engem laange Leidenswee den däischteren a fundamental éierlechen Album mam Titel NEBRASKA entstoen.
Dem Scott Cooper säi Film ass d’Spigelbild vun dësem Album. Hie verwandelt d’Gebuert an d’Opnam dovunner an eng reegelrecht Beicht vu sengem Haaptprotagonist. DELIVER ME FROM NOWHERE verzicht op déi üblech Biopic-Formel. Et gëtt hei net den Opstig a Fall vun enger Legend erzielt, ma eng quasi kontemplativ an tragesch Rees duerch d’Séil vum Bruce Springsteen.
Wäit vum Mythos a vun de grousse Bünen ewech wéist de Cooper e verwonnte Mann, deen net weess wéi et soll weider goen. Den Jeremy Allen White - bekannt aus der Serie The Bear - spillt dës tragesch Figur mat enger erstaunlecher an zeréckhalender Intensitéit, a virun allem mat enger enormer Fragilitéit.
DELIVER ME FROM NOWHERE ass e Film, deen extrem emouvant ass, ouni jee an e sentimentale Pathos ze verfalen. En Drama iwwert de Courage seng Emotiounen net méi ze verstoppen, iwwert d‘Konscht als Iwwerliewenselixir, an deen op spektakulär Manéier weist datt een net muss haart jäizen fir gehéiert ze ginn.