Nohalteg bauen, gesond bauen, dat huet mat moderne Methoden net onbedéngt eppes ze dinn, well dat kennt ee vu fréier! Eng Hütt, en Haus, e Büro, gebaut mat Stréi, Holz a Leem. Zu Blaaschent gëtt d’Vergaangenheet gelieft. An zu Colmer-Bierg léiert een, wat ee fréier souwisou wousst. Bauen ouni Chichi, ouni Material, dat et bei eis net gëtt. Liewen a wunne wéi an der Zäit, ass natierlech, gesond an nohalteg. Seet deen, deen dat nach weess, an dofir seng Plaz am Buch huet. De Marc Neu, Expert am nohaltege Bauen.
“Et ass en einfacht Bauen. Nom Modell vun der Economie circulaire”, erkläert hien a kritiséiert, dass mer vergiess hunn, dass dat och geet mat enger Struktur aus Holz a mat Botten aus Stréi dotëscht fir z’isoléieren.
Leem, Holz a Stréi – kee Kamelott, wéi deen eelsten Zeien, 100 Joer al, matten a Frankräich weist. Eng Inspiratioun fir Lëtzebuerg.
Méi wéi zwee Joer laang huet d’Nora Schleich fir d’Unesco déi verschidde Stëmme fir an d’Buch “Mémoires Futures” erausgesicht.
“Natierlech wier och Theoretesches am Buch, dat Patrimoine vum historeschen, soziologeschen an och kënschtlereschem beliicht”, seet d’Coordinatrice Nora Schleich a verweist op d’Nora Wagner, déi sech mat der Vergänglechkeet vu Konscht, vum Liewen an der Kultur auserneegesat huet.
Dat wat net ofgewëscht an awer verschwonnen ass, fënnt een dacks an engem Musée. Sou goung et der Händschefabrik am Gronn. Dat wat, a mat deem do emol produzéiert gouf, läit am Stater City Musée. Deen traut sech un e fréieren Tabu erun, en Tabu och haut nach e bëssen, an eben, anengems, eng Realitéit och vu muer. Fir de Guy Thewes aus dem City Musée ass d’Ausstellung iwwer d’Geschicht vun der Menstruatioun hei e gutt Beispill. Dat wieren immens wäertvoll Objeten, déi eng Geschicht erzielen.
Geliefte Vergaangenheet, gelieften Zukunft… d’Buch vun der Unesco mam Titel “Mémoires Futures/Künftige Erinnerungen” fënnt een an de Librairien. An doranner e Stéck Lëtzebuerg vu gëschter, haut a muer.